... ee Panneau vum Genter Altor, deen 1934 gestuel gouf a bis haut net nees opgedaucht ass, an engem Roman vum Albert Camus eng net onwichteg Roll spillt?
... Lanzarote déi éischt Insel war, déi 1993 vun der UNESCO ganz als Biosphärereservat erkläert gouf?
... den Héichpunkt vun de Louhecken zu Lëtzebuerg an der Mëtt vum 19. Joerhonnert louch, wéi wéinst der grousser Nofro no Eecheschuelen fir d'Gierwereien vill Bichebëscher mat Louhecken ersat goufen?
... als Seriemäerder gewéinlech eng Persoun bezeechent gëtt, déi mat zäitlechem Ofstand vu méi wéi 30 Deeg dräi oder méi Mënschen ëmbréngt?