Schabloun:WDS 4. Mee
- ... dat gréisst Knabberdéier, d'Capybara, bis zu 1,20 m grouss ka ginn?
- ... "Ketty Maus" den Numm vun enger fiktiver Fra ass, deen op Modeller vu lëtzebuergesche Päss gebraucht gëtt?
- ... d'Plakeg Maulefsraten (Heterocephalus glaber) a grousse Kolonië liewen, déi vu jee engem Weibchen dirigéiert ginn, dat sech, wéi bei de Beien, exklusiv ëm d'Reproduktioun këmmert?
- ... dat eelst Spidol zu Esch-Uelzecht d'Metze Spidol war, dat 1878 vun de Bedreiwer vun der Metze Schmelz als e Spidol fir hir Aarbechter gebaut gouf?
- ... de Jarosław Kaczyński 2006-2007 polnesche Premierminister ënner dem Staatspresident Lech Kaczyński, sengem eeneeëgen Zwillingsbrudder, war?