Schabloun:WDS 3. Januar B
- ... d'Adepte vun der Prënz-Philip-Beweegung op Vanuatu iwwerzeegt sinn, datt de Prënz Philip, de verstuerwene Mann vun der brittescher Kinnigin Elizabeth II., eng Gottheet war?
- ... déi éischt Päerdscourse zu Lëtzebuerg am Joer 1895 zu Dikrech geridde gouf?
- ... d'Joan Fontaine an d'Olivia de Havilland déi eenzeg Sëschtere sinn, déi allebéid en Oscar fir dat bescht Schauspill an enger Haaptroll kruten?
- ... de Julien Lefèvre Lëtzebuerg 1936 op den olympesche Summerspiller als Sculpteur an op de Wanterspiller als (Ersatz-)Bobfuerer vertrueden huet?
- … d'Zuel vun de Gemengen zu Lëtzebuerg tëscht de Joren 1830 an 1891 vun 120 op 130 eropgoung, fir dann nees, duerch Fusiounen, op déi aktuell 100 erofzefalen?