Schabloun:WDS 25. Juni
- … d'Regierung Mongenast zu Lëtzebuerg just 25 Deeg, vum 12. Oktober bis de 6. November 1915 am Amt war?
- ... op der Nordsäit vun der Pyramid vum Kukulcán, wärend der Equinoxe, de Schiet esou op d'Säitemauer vun der Trap fält, dass et ausgesäit wéi wann do eng riseg Schlaang erofkrauche géif?
- ... de Johannes Mylius vun Diddeleng (ëm 1537-1596) Studieboursse gestëft huet, déi nach Joerhonnerten duerno ausbezuelt goufen?
- … um Mosaik vu Viichten, dat 1994 entdeckt gouf, an dat géint d'Joer 240 geluecht gouf, den Homer mat den Néng Musen ze gesinn ass?