Schabloun:WDS 22. Mee B
- ... de Fairchild K-20 Loftbildfotoapparat dee wichtegste Fotoapparat vun der US Air Force am Zweete Weltkrich war?
- ... den Internationale Fraendag zu Lëtzebuerg eng éischt Kéier den 23. Mäerz 1929 gefeiert gouf?
- ... den Chile vun Norden no Süde 4.200 km laang ass, ma op der schmuelster Plaz just 90 km breet?
- ... deen éischte Gol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp an engem offizielle Lännermatch den 29. Oktober 1911 vum Albert Elter geschoss gouf?
- ... d'Fabréck vum Faarfpigment Falunrout, dat a Schweede wäitleefeg fir den Ustrach vu ländleche Gebaier gebraucht gëtt, 2001 vun der UNESCO op d'Weltierwelëscht gesat gouf?