... de Méchelstuerm zu Miersch net, wéi de Rescht vun der aler Kierch, am 19. Joerhonnert ofgerappt gouf, well en dem Kinnek-Groussherzog Wëllem II. seng Fra Anna Palowna un d'Kierchtierm aus hirer Heemecht erënnert soll hunn, an doropshin d'Gemengeconseillere gebiede goufen, e stoen ze loossen?
... de Bodil-Präis deen eelsten dänesche Filmpräis ass?
... de Quartier Belair an der Stad Lëtzebuerg bis den Ufank vum 20. Joerhonnert Dauwefeld, an dono Neimäerel genannt gouf, ier en 1957 säin haitegen Numm krut?
... de Streisand-Effekt no der Schauspillerin a Sängerin Barbra Streisand genannt gouf, déi eng Foto am Internet läsche loosse wollt, well dodrop (ë. a.) hiert Haus ze gesi war?