Schabloun:WDS 14. Abrëll B
- ... déi lescht Persoun, déi am Tower of London higeriicht gouf, een zu Lëtzebuerg gebiertegen däitsche Spioun war?
- ... de Vëlossportler Bim Diederich de Spëtznumm Duc de Grammont krut, nodeems e beim Tour de France 1951 am Mur de Grammont, seng 3 Matfuerer ofgehaangen hat?
- ... Honsréck, wéi och Hon(d)séislek, sproochlech op dat algermanescht Wuert hun fir "grouss" zeréckgoe kéinten, eng Kultbezeechnung fir de Bronge Bier?
- ... d'Fondation Pescatore dat éischt Gebai zu Lëtzebuerg war, dat aus arméiertem Bëtong gebaut gouf?
- ... déi Däitsch Bréck zu Visé (Pont des Allemands), eng Eisebunnsbréck iwwer d'Meuse, am Éischte Weltkrich vun der däitscher Arméi mat haaptsächlech russesche Gefaange gebaut gouf?