Schabloun:WDS 12. September B
- ... d'Mine Walert zu Rëmeleng de Spëtznumm Mausfal krut, well do net manner wéi 46 Biergleit hiert Liewe gelooss hunn, dorënner och den Deputéierte Jean-Pierre Bausch?
- ... den Décken an den Dënnen an der Gemeng Suessem mat jee enger Strooss geéiert goufen?
- ... an der Kathedral Saint-Étienne vu Bourges déi eelst astronomesch Auer vu Frankräich ass (si ass vu 1424)?
- ... am Lëtzebuerger Online Dictionnaire déi 4.000 heefegst Wierder och a Gebäerdesprooch iwwersat sinn?
- ... den Optrëtt vun de Rolling Stones, am August 1995 um Kierchbierg, mat méi wéi 60.000 Zuschauer dee gréisste Concert ass, dee bis ewell zu Lëtzebuerg organiséiert gouf?