Schabloun:WDS 10. Oktober B
- ... deen éischte Geldautomat zu Lëtzebuerg am Mee 1982 op der Post, op der Stater Gare, a Betrib geholl gouf?
- ... de Finneschen Nationaltheater (Suomen Kansallisteatteri) deen eelsten Theater a Finnland ass, an deem Stécker op Finnesch gespillt ginn?
- ... de Gallo-réimeschen Tempel zu Steesel fir eng Gottheet mam Numm Cerunincus opgeriicht gi war, iwwer déi soss näischt gewosst ass?
- ... de Sënn an Zweck vun den Nazca-Linnen am Peru, honnerte vu schnouerriichte Linnen am Wüstebuedem, awer och Representatioune vun Déieren a Planzen, bis ewell net eendeiteg bestëmmt konnt ginn?
- ... d'Aansebuerger Schlass op d'Wunnhaus vum Schmelzenhär Thomas Bidart zeréckgeet, deen an de 1620er Joren ë. a. zu Simmer en Héichuewe bedriwwen huet, fir Waffen ze produzéieren?