Schabloun:Op engem 26. Januar
- 1850: Gebuert vum lëtzebuergesche Pedagog an Historiker Arthur Herchen.
- 1887: De lëtzebuergesche Cyclist an Tour-de-France-Gewënner François Faber kënnt op d'Welt.
- 1908: De franséischen Jazz-Violonist Stéphane Grappelli gëtt gebuer.
- 1912: Bluddeg Ausenanersetzung tëscht Gendarmerie an Aarbechter bei engem Streik op der Déifferdenger Schmelz; 't gi 4 Doudeger an eng ganz Rëtsch Blesséierter.
- 1925: De Josef Stalin gëtt, nodeem den Trotzki ofgesat gouf, de staarke Mannn vun der Sowjetunioun.
- 1925: Gebuert vum US-amerikanesche Schauspiller Paul Newman.
- 1934: De lëtzebuergesche Schauspiller Fernand Fox kënnt op d'Welt.
- 1995: Lëtzebuerg: D'Regierung Juncker-Poos gëtt vereedegt; de Jean-Claude Juncker gëtt eng éischte Kéier Premierminister.