Schabloun:Op engem 23. September
- 1828: Gebuert vum lëtzebuergesche Geolog Pierre Mathias Siegen.
- 1846: De Johann Gottfried Galle an den Heinrich Louis d'Arrest entdecken de Planéit Neptun.
- 1853: Déi Lëtzebuerger Regierung Simons gëtt vereedegt.
- 1865: Déi franséisch Molerin Suzanne Valadon kënnt op d'Welt.
- 1901: Den tschechoslowakeschen Dichter a Literaturnobelpräisdréier Jaroslav Seifert gëtt gebuer.
- 1920: Gebuert vum US-amerikanesche Schauspiller Mickey Rooney.
- 1930: Den US-amerikanesche Sänger Ray Charles gëtt gebuer.
- 1938: Déi däitsch Filmschauspillerin Romy Schneider kënnt op d'Welt.