Pierre Mathias Siegen

lëtzebuergesche Kondukter a Geolog

De Pierre Mathias Siegen, gebuer den 23. September 1828 an der Stad Lëtzebuerg[1] a gestuerwen de 17. Mäerz 1903 a Clausen, war a lëtzebuergesche Kondukter a Geolog.

Pierre Mathias Siegen
1886, Portrait gemoolt vun der Marie-Thérèse Glaesener-Hartmann.
Gebuer 23. September 1828
Lëtzebuerg
Gestuerwen 17. Mäerz 1903
Clausen
Aktivitéit Geolog

Zesumme mat dem Nicolas Wies huet de Siegen 1877 déi éischt geologesch Kaart vu Lëtzebuerg publizéiert, woubäi ze bemierken ass, datt dem Siegen seng Mataarbecht sech virun allem op d'technesch Exekutioun vun der Kaart konzentréiert huet.[2]

Etappe vun der Karriär änneren

De Siegen huet seng Carrière an der staatlecher Bauverwaltung als "aide temporaire attaché à l'administration des travaux publics" ugefaangen.[3]

  • Den 3. Februar 1862 ass hien Hëllefskondukter (aide conducteur) ginn.[3]
  • Den 22. Januar 1867 krut hien den Titel Kondukter 3. Klass (conducteur de 3e classe).[4]
  • 1874 gouf de Siegen Kondukter 2. Klass.[5]
  • Duerch den Arrêté vum 18. August 1878 ass de Siegen zum Kondukter 1. Klass avancéiert.[6]

Den 23. September 1900 krut de Siegen d'Erlabnes, an d'Pensioun ze goen.[7]

Varia änneren

Am Februar 1877 gouf de Pierre Mathias Siegen a senger Funktioun als Chef vum Pompjeescorps vu Clausen mat der "médaille en vermeil" am "Ordre de la Couronne de chêne" ausgezeechent.[8]

Am Februar 1878 krut de Siegen als Coauteur vun der geologescher Kaart de Chevalier am "Ordre de la couronne de chêne"; den Nicolas Wies krut den Officier.[9]

Publikatiounen änneren

  • Notice sur les gisements de minerai de fer des terrains quaternaires du Grand-Duché de Luxembourg. Publications de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, Section des sciences naturelles et mathématiques, 12 (1872), S. 133-140.
  • Carte géologique du Grand-Duché de Luxembourg, publiée par les soins de la Section des Sciences naturelles de l'Institut g.-d. de Luxembourg. Paris, 1877. Échelle de 1 à 40.000 mètres. - 9 ff. in 40 folio (zesumme mat dem Nicolas Wies).
  • Passé et avenir de la mine de cuivre de Stolzembourg. Publications de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, Section des sciences naturelles et mathématiques, 18 (1881), S. 242-253.
  • Documents ayant servi à la confection de la carte archéologique du Grand-Duché de Luxembourg, avec indication et description partielles des vestiges originels du pays, découverts depuis 1846 jusqu'à nos jours. [S.l.]: [s.n.], 1883. 326 p. BNL

Literatur änneren

  • Martin Blum: Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus. Nouvelle édition, complétée, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. München, Kraus International Publications, vol. 2: M-Z, 700 p. (Pierre Mathias Siegen: S. 467-468).

Referenzen änneren

  1. Bibliographie luxembourgeoise
  2. Michel Lucius: Geschichte der geologischen Erforschung Luxemburgs. In: Beiträge zur Geologie von Luxemburg. Publications du Service géologique de Luxembourg, Band 2, zweite, umgearbeitete Auflage, Luxembourg 1955, S. 104ff.
  3. 3,0 3,1 Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg 1862 (II), S. 146
  4. Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg 1867 (II), S. 36
  5. Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg 1874 (II), S. 149 (Avis du 9 juin 1874)[1]
  6. Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg 1878, S. 444
  7. Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg, S. 634 Gearchiveerd op 2016-03-05. Gekuckt de(n) 2009-12-06.
  8. Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg 1877, S. 70 Gearchiveerd op 2008-12-07. Gekuckt de(n) 2009-12-06.
  9. Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg 1878, S. 105 a S. 106 (arrêtés du 17 février 1878). [2]