Schabloun:Op engem 21. September
- 1452: Gebuert vum italieeneschen Dominikaner a Bousspriedeger Girolamo Savonarola.
- 1558: Doud vum Karel V., réimesche Kinnek (1519-1556) a Keeser (1530-1556).
- 1860: Den däitsche Philosoph Arthur Schopenhauer stieft.
- 1866: Den englesche Schrëftsteller H. G. Wells kënnt op d'Welt.
- 1936: Den däitsch-lëtzebuergesche Wëssenschafts-Journalist Jean Pütz gëtt gebuer.
- 1964: Malta gëtt vu Groussbritannien onofhängeg.
- 1969: Éischt Emissioun vum Hei elei, kuck elei, dem éischten Televisiounsprogramm op Lëtzebuergesch.
- 1991: Armenien gëtt vun der Sowjetunioun onofhängeg.