Den Girolamo Maria Francesco Matteo Savonarola gebuer den 21. September 1452 zu Ferrara a gestuerwen den 23. Mee 1498 zu Florenz, war en italieeneschen Dominikaner a Bousspriedeger.

Girolamo Savonarola
Gebuer 21. September 1452 jul.
Ferrara
Gestuerwen 23. Mee 1498 jul.
Florenz
Nationalitéit Republik Florenz
Educatioun Universitéit vu Ferrara
Aktivitéit Politiker, Philosoph, Schrëftsteller, Priedeger, Theolog

Säi Liewen änneren

De Savonarola gouf den 21. September 1452 als Jong vun enger adeleger Famille gebuer. En huet d'éischt Philosophie a Medezin studéiert, ier hie 1475 am Alter vun 22 Joer an den Domenikaneruerden zu Bologna agetrueden ass. Seng éischt Optrëtter als Bousspriedeger haten am Ufank net vill Opmierksamkeet fonnt, dat sollt sech awer änneren, well hie mat senge Rieden, déi iwwer d'Verkommenheet an de Sitteverfall vun den Herrschenden an iwwer d'Verduerwenheet vun der Kierch waren, ganz séier vum Vollek bewonnert gouf. 1492 gouf de Savonarola zum Lektor am Konvent St. Marco zu Florenz ernannt an huet als Bibeltheolog ganz séier weider e gudde Ruff kritt. Den Héichpunkt vu senger Muecht hat de Savonarola andeems hien de geneeën Doudesdatum vum Poopst Innozenz VIII., de 25. Juli 1492 virausgesot hat. Dat selwecht Joer huet de Savonarola um Stierfbett vum Lorenzo de Medici dorop bestanen, datt deen den Herrschaftsusproch vu senger Famille oftrëtt.

Nodeem de Charles VIII. op sengem Italiefeldzuch 1494 Succès hat an d'Famill de Medici virum Amarsch vun de Fransouse kapituléiert haten, huet de Savonarola seng Chance ergraff an e groussen Deel dozou beigedroen, andeems hien dem Chef vun der Famill de Medici, dem Piedro de Medici, politesch Onfäegkeet virgeworf huet, soudatt dës Famill aus Florenz verdriwwe gouf. Obschonn den Italiefeldzuch vum Charles VIII. en Erfolleg war, hat hie seng Muecht iwwer Neapel, nodeem hien Italie verlooss hat, erëm verluer. 1494 huet de Poopst Alexander VI. dem Savonarola e Riedeverbuet erdeelt, wourun dee sech och eng Zäit gehalen huet, méi spéit awer nees d'Kierch ugeprangert huet.

Ufanks Februar 1497 huet de Savonarola alles beschlagnahme gelooss wat senger Meenung no fir d'Verkommenheet vun der Mënschheet verantwortlech waren. Dofir huet hien e ganze Koup Kanner erausgeschéckt fir am Numm vum Härgott déi Saachen anzesammelen. Dobäi haten déi meescht Leit entweeder aus Rei oder aus Angscht hir Saache fräiwëlleg ofginn, sou och de Kënschtler Sandro Botticelli. Déi verbuede Saachen, dorënner "pornographesch" Biller, Luxusgéigestänn, Tableauen, Bijouen, deier Kleeder, Miwwel, asw. Déi goufen de 7. Februar 1497 op der Piazza della Signoria verbrannt. Déi Aktioun gouf ënner dem Numm Feier vum Houfert bekannt, bei där och vill onersetzlech Konschtwierker am Feier hiert Enn fonnt hunn. Am selwechte Joer gouf de Savonarola vum Poopst exkommunizeiert.

Ouni dem Charles VIII. seng Hëllef an duerch Oppositioun vun de Franziskaner huet dem Savonarola seng Muecht ugefaangen ze wackelen. Nodeem hien d'Kardinolséier vum Poopst ofgeleent hat (de Poopst hat gehofft de Savonarola sou besser kënnen ze kontrolléieren), gouf probéiert, en doutzemaachen, wat awer näischt ginn ass. 1498 gouf de Savonarola op Uerder vum Poopst hi gefaange geholl an an de Prisong gehäit. De Savonarola gouf gefoltert an zum Doud verurteelt. Viru senger Vollstreckung huet hie seng Ausso widderruff.

Den 23. Mee 1498 gouf de Savonarola op der Piazza della Signora opgehaangen a verbrannt. Seng Äsche goufen an den Arno gehäit.

Um Spaweck änneren

Commons: Girolamo Savonarola – Biller, Videoen oder Audiodateien