Schabloun:Op engem 15. Dezember
- 1832: Gebuert vum franséischen Ingenieur Gustave Eiffel.
- 1907: De brasilianeschen Architekt Oscar Niemeyer kënnt op d'Welt.
- 1918: Per Gesetz gëtt zu Lëtzebuerg den 8-Stonnen-Dag fir Aarbechter agefouert.
- 1928: Gebuert vum éisträichesche Moler an Architekt Friedensreich Hundertwasser.
- 1940: Doud vum lëtzebuergesche Schrëftsteller Batty Weber a Gebuert vun der éisträichescher Schauspillerin Barbara Valentin.
- 1966: Doud vum US-amerikanesche Filmproduzent Walt Disney.
- 1968: Virgezunne Chamberwalen; d'CSV kritt 21 Sëtz, d'LSAP der 18, d'DP der 11 an d'KPL der 6. An der Folleg kënnt et zu enger CSV-DP Regierung, der Regierung Werner-Schaus II.