Schëld D, 11

Verkéiersgebuetsschëld Lëtzebuerg


D'Schëld D, 11 ass e Verkéiersgebuetsschëld aus dem Lëtzebuerger Code de la route dat de Chaufferen uweist, datt déi Spuer déi mam Schëld ekipéiert ass, fir den Tram reservéiert ass an datt et deenen anere Kategorië vu Benotzer verbueden ass op där Spuer ze fueren.

Schëld D, 11
Reservéiert Spuer fir den Tram
Bezeechnung D,11
Kategorie Verkéiersgebuetsschëld
Land Lëtzebuerg

Ausname mam Zousazschëld Modell 6ab änneren

D'Zousazschëld Modell 6ab erlaabt et de Chauffere vum reegelméissegen ëffentlechen Transport a vum Schülertransport op der reservéierter Spuer ze fueren.




Originaltext aus dem Code de la route änneren

„11. Voie réservée aux tramways – Le signal D,11 indique aux conducteurs que la voie de circulation qui en est munie est réservée aux conducteurs de tramways et que l'accès en est interdit aux autres catégories d'usagers.
Le panneau additionnel du modèle 6ab autorise les conducteurs de véhicules des services de transports publics et de véhicules effectuant le ramassage scolaire à circuler sur la voie réservée“

Artikel 107 – IV. Signaux d'obligation[1]

Bemierkungen änneren

 
Zeechnung vum Schëld D, 11 wéi et ursprénglech am Code de la route virgesi war
  • Ursprénglech war am Code de la route um Schëld D, 11 e Piktogramm mat engem méi „ale“ Modell vun engem Tram virgesinn[2]. Am Juni 2017, nach ier den Tram gefuer ass, gouf de Piktogramm zu Gonschte vu méi engem „modernen“ Tram getosch.
  • Wann een dëst Gebuetsschëld net respektéiert, riskéiert een e Pretekoll vu 74 Euro (awer kee Verloscht vu Punkte vum Punktefürerschäin)[3].

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Verkéiergebuetsschëlter – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. (fr)Code de la route - Recueil de législation routière. data.legilux.public (23.11.1955). Gekuckt de(n) 29.03.2024.
  2. Règlement grand-ducal du 19 mars 2008
  3. ANNEXE I - Catalogue des avertissements taxés aus dem Règlement grand-ducal du 26 août 1993 relatif aux avertissements taxés (...) et en matière de permis à points mat Ännerungen duerno, am Code de la route - Recueil de législation routière