Fürerschäin

Dokument dat et engem erlaabt mat engem gewësse Gefier ze fueren
Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun den Droits-Artikelen. Dës Explikatioune bezéie sech am Prinzip just op dat lëtzebuergescht Recht. Ënner Ëmstänn goufen déi lescht Changementer an der Legislatioun an/oder der Jurisprudenz nach net berécksichtegt. Et handelt sech och net ëm e juristesche Rot, mä ëm eng vereinfacht Duerstellung fir Laien. A konkreete Fäll soll ee sech ëmmer un en Affekot wennen!

E Fürerschäin ass en offiziellt Dokument dat beleet, datt een d'Recht huet mat verschiddene motoriséierte Gefierer wéi en Auto, Moto, Camion oder Bus op der ëffentlecher Strooss ze fueren. D'Ausstelle vum Fürerschäi ka jee no Fall a Land un en theoreeteschen an/oder praktesche Fäegkeetstest, un e Mindestalter an e medezineschen Test gebonne sinn.

Modell vun engem Lëtzebuerger Fürerschäin

Fir de Fürerschäintest ze maachen, gëtt ëmgangssproochlech vun „de Fürerschäi maachen“ geschwat.

A gewësse Fäll kann een de Fürerschäin ofgeholl kréien, absënns bei Verstéiss géint d'Verkéiersreegelen oder nom Oflaf vum Validitéitsdatum a wann een e bestëmmten Alter erreecht huet.

Lëtzebuerg änneren

Jiddwer Chauffer vun engem Stroossegefier muss e gëltege Fürerschäin oder Ausbildungszertifikat a sengem Numm hu fir dat jeeweilegt Gefier mat deem en ënnerwee ass. Ausname fir déi ee kee Fürerschäi brauch, sinn z. B. e Vëlo oder e Gespan dat vu Béischte gezu gëtt[1].

De Fürerschäin ass zu Lëtzebuerg zanter 1903 virgeschriwwen. Den éischte Führerschäi gouf de 7. Januar 1907 un den deemools 43 Joer ale Joseph Glesener ausgestallt. En Ingenieur vun der Bauverwaltung war zoustänneg fir z'iwwerpréiwen ob ee fäeg wier fir mat engem Gefier ze fueren[2].

Europäesche Fürerschäin änneren

Bis 1985 war de Lëtzebuerger Fürerschäin en nationale Modell aus enger Zort Pabeier op deem ë. a. déi perséinlech Donnéeë an eng Foto vum Titulaire, d'Ënnerschrëft vum Transportminister (oder engem Delegéierten) an d'Kategorien drop stounge fir déi de Fürerschäi gëlteg war.

D'Fürerschäiner déi zu Lëtzebuerg tëscht dem 1. Januar 1986 an dem 30. September 1996 agestallt goufen, hunn op der éischter EU-Direktiv 80/1263/CEE baséiert[3], ware rosa an aus engem pabeiränlechem Material. D'Dokument war 106   222 mm grouss an an dräi Deeler gefaalt.

Vum 1. Oktober 1996 bis den 18. Januar 2013 war de Fürerschäi konform mat der Direktiv 91/439/CEE[4]: d'Dimensiounen an d'Faarf blouwen d'selwecht, et gouf just Ännerunge wat d'Indikatiounen um Dokument ugaangen ass.

Zanter dem 19. Januar 2013 gëtt zu Lëtzebuerg de sougenannten „europäesche Fürerschäin“ ausgestallt[5], deen op der EU-Direktiv 2006/126/CE baséiert[6]. Et ass eng plastiks Kaart am Format vu 85,60   53,98 mm.

Fürerschäiklassen änneren

Mat der Direktiv 2006/126/CE goufen och eenheetlech Fürerschäiklassen an Europa geschaaft. D'Tabell hei drënner resüméiert d'Konditioune wéi se zu Lëtzebuerg sinn:

Fürerschäiklassen zu Lëtzebuerg (Reiefolleg vun de Klassen, sou wéi se um Fürerschäin drop stinn)
Klass Symbol Beschreiwung Mindestalter Konditioun begräift Bemierkungen
AM   Vëlomoto: Gefier mat zwee oder dräi Rieder (ausser engem elektresche Vëlo), dat mat héchstens 45 km/h fiert a mat engem elektresche Motor oder engem Verbrennungsmotor mat engem Hubraum vun héchstens 50 cm3 equipéiert ass. 16 Joer
A1   Liicht Motorrad mat engem Verbrennungsmotor mat engem Hubraum vun héchstens 125 cm3, enger maximaler Leeschtung vun 11 kW an engem Verhältnes Leeschtung/Gewiicht vun héchstens 0,1 kW/kg;

mat enger maximaler Leeschtung vu 15 kW.

16 Joer Klass AM
A2   Motorrad mat enger maximaler Leeschtung vu 35 kW an engem Verhältnes Leeschtung/Gewiicht vun héchstens 0,2 kW/kg an dat net vun engem Gefier mat méi wéi der duebeler Motorleeschtung ofgeleet ass. 18 Joer Klassen A1, AM
A   Motorrad mat oder ouni Siddekärchen:
  • mat engem Verbrennungsmotor mat engem Hubraum vu méi wéi 50 cm3 oder
  • mat engem Verbrennungsmotor mat engem Hubraum vun héchstens 50 cm3, deen awer méi séier wéi 45 km/h fiert oder
  • mat engem elektresche Motor dee méi séier wéi 45 km/h fiert.
20 Joer Zwee Joer Erfarung mat engem Motorrad vun der Klass A2 néideg Klassen A1, A2, AM
Dräiriederegt Motorrad mat de selwechte Charakteristike wéi d'Motorrad hei driwwer. 21 Joer
B1   Gefier mat engem eidele Gewiicht bis héchstens 550 kg Klass B1 gëtt et zu Lëtzebuerg net; fir dëst Gefier ass d'Klass B néideg
B   Motoriséiert Gefier mat engem mzG[7] bis 3,5 Tonnen an héchstens 8 Passagéier + 1 Chauffer; net dozou gehéiere Motorrieder, Trakteren a Maschinnen déi selwer fueren. 18 Joer
  • Klassen AM, F
  • Klass A1 (Klass B muss een op d'mannst 2 Joer hunn an eng Formatioun gemaach hunn; zielt just zu Lëtzebuerg)
  • Véierrad
en Unhänger mat engem mzG[7] bis 750 kg däerf drugehaange ginn; mzG[7] fir Auto   Unhänger däerf net méi wéi 4.250 kg sinn.

Wann mzG[7] fir Auto   Unhänger méi héich wéi 3.500 kg ass, muss de Chauffer eng speziell Formatioun gemaach hunn déi als „Code 96“ um Fürerschäin notéiert gëtt.

C1   Gefier fir héchstens 8 Passagéier + 1 Chauffer mat engem mzG[7] iwwer 3.500 kg a bis héchstens 7.500 kg an dat net an d'Klass D1 oder D fält.

(ëmgangssproochlech: „klenge Camion“)

18 Joer[8] Klass B néideg en Unhänger mat engem mzG[7] bis 750 kg däerf drugehaange ginn;

wann d'Klass C1 op Gefierer ouni Tachograph limitéiert ass, gëtt dat als „Code 97“ um Fürerschäin notéiert.

C   Gefier fir héchstens 8 Passagéier + 1 Chauffer mat engem mzG[7] iwwer 3.500 kg an dat net an d'Klass D1 oder D fält.

(ëmgangssproochlech: „grousse Camion“)

21 Joer[8] Klass B néideg
  • Maschinnen déi selwer fueren mat mzG[7] iwwer 12.000 kg.
  • Klassen C1, D1
en Unhänger mat engem mzG[7] bis 750 kg däerf drugehaange ginn.
D1   Bus fir héchstens 16 Passagéier + 1 Chauffer an enger Längt vun héchstens 8 m. 21 Joer[8] Klass B néideg en Unhänger mat engem mzG[7] bis 750 kg däerf drugehaange ginn.
D   Bus fir méi wéi 8 Passagéier + 1 Chauffer. 24 Joer[8] Klass B néideg Klassen C1, D1 en Unhänger mat engem mzG[7] bis 750 kg däerf drugehaange ginn.
BE   Auto vun der Klass B   Unhänger mat mzG[7] bis 3.500 kg. 18 Joer Klass B, C, D, C1 oder D1 néideg
C1E  
  • Gefier vun der Klass C1   Unhänger mat mzG[7] iwwer 750 kg; mzG däerf am Total héchstens 12.000 kg sinn, oder
  • Auto vun der Klass B   Unhänger mat mzG[7] iwwer 3.500 kg; mzG däerf am Total héchstens 12.000 kg sinn.
18 Joer[8] Klass B, C, D, C1 oder D1 néideg Klass BE
CE   Gefier vun der Klass C   Unhänger mat mzG[7] iwwer 750 kg. 21 Joer[8] Klass B, C, D, C1 oder D1 néideg
  • Klass DE, wann een Klass D huet
  • Klassen BE, C1E
D1E   Gefier vun der Klass D1   Unhänger mat mzG[7] iwwer 750 kg. 21 Joer[8] Klass B, C, D, C1 oder D1 néideg Klass BE
DE   Gefier vun der Klass D   Unhänger mat mzG[7] iwwer 750 kg. 24 Joer[8] Klass B, C, D, C1 oder D1 néideg Klassen BE, D1E
F   Trakter a Maschinnen déi selwer fueren mat mzG[7] bis 12.000 kg. 16 Joer[9] Klass AM et däerfen drugehaange ginn:
  • een Unhänger oder
  • een oder méi Gefierer déi geschleeft ginn
Maschinnen déi selwer fueren mat mzG[7] iwwer 12.000 kg. 18 Joer
  • maximal erlaabt Vitess: 25 km/h
  • just an direkter Ëmgéigend vum Schantjen

Ausnamen änneren

  • D'Membere vun der Police däerfen – wa s'am Asaz sinn – am Kader vun der Verkéierssécherheet e Gefier op der ëffentlecher Strooss réckelen, ënnert der Konditioun, datt s'e Fürerschäi vun der Klass B hunn[10].
  • Déi Persounen déi beim Corps grand-ducal d'incendie et de secours oder aneren unerkannten Hëllefsorganisatiounen am Asaz sinn an déi e gëltege Fürerschäi vun der Klass B hunn, däerfe bei Asätz am Grand-Duché mat engem motoriséierte Gefier – ouni Unhänger – fueren, dat en mzG[7] iwwer 3,5 an ënnert 5 Tonnen huet a Plaz fir héchstens 8 Passagéier + 1 Chauffer bitt, wa s'e spezielle Certificat vum Minister dee sech em d'Hëllefsdéngschter këmmert, hunn[11].

Punktefürerschäin änneren

Zu Lëtzebuerg gouf de Punktefürerschäin den 1. November 2002 agefouert. Domat krut all Fürerschäin e Konto vun 12 Punkten. Bei engem schlëmme Verstouss (infraction grave) géint d'Verkéiersreegele gi vun deem Konto tëscht 2 a 6 Punkten ofgezunn.[12] Mam Entzuch vu 6 Punkte ginn z. B. Doudschlag (Homicide involontaire), Délit de grande vitesse, d'Fuere mat méi wéi 1,2 ‰ Alkohol am Blutt, oder d'Fueren ënner Droge bestrooft[13].

Wann engem seng Punkten all fort sinn, kritt ee fir 12 Méint de Fürerschäin ewechgeholl. Geschitt dat, wann een en erëmhuet, bannent deenen nächsten 3 Joer nach eng Kéier, verléiert een en da fir 2 Joer.[14]. Wärend där Period muss de concernéierte Chauffeur eng Formatioun vu 5 Deeg beim Centre de Formation pour Conducteurs zu Colmer-Bierg maachen, wou een op d'Geforen am Verkéier sensibiliséiert gëtt a verantwortlecht Fuere soll léieren.[15]

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Art. 74 vum Arrêté grand-ducal
  2. Jacques Ganser, 115 Jahre Führerschein. Wort.lu (2018-03-05). Gekuckt de(n) 2020-12-27.
  3. Première directive 80/1263/CEE du Conseil, du 4 décembre 1980, relative à l'instauration d'un permis de conduire communautaire. eur-lex.europa.eu. Gekuckt de(n) 2020-12-27.
  4. Directive 91/439/CEE du Conseil, du 29 juillet 1991, relative au permis de conduire. eur-lex.europa.eu. Gekuckt de(n) 2020-12-27.
  5. Art. 6.2. vum Règlement grand-ducal du 8 décembre 2011 modifiant 1. l'arrêté grand-ducal modifié du 23 novembre 1955 portant règlement de la circulation sur toutes les voies publiques (...) - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2020-12-27.
  6. Directive 2006/126/CE du Parlement européen et du Conseil du 20 décembre 2006 relative au permis de conduire (refonte) (Texte présentant de l'intérêt pour l'EEE) (2006-12-30). Gekuckt de(n) 2020-12-27.
  7. 7,00 7,01 7,02 7,03 7,04 7,05 7,06 7,07 7,08 7,09 7,10 7,11 7,12 7,13 7,14 7,15 7,16 7,17 7,18 7,19 mzG = maximal zougeloossent Gesamtgewiicht
  8. 8,0 8,1 8,2 8,3 8,4 8,5 8,6 8,7 de Règlement grand-ducal du 2 octobre 2009 relatif aux matières enseignées dans le cadre de la qualification initiale et de la formation continue des conducteurs de certains véhicules routiers affectés aux transports de marchandises ou de voyageurs ainsi qu'aux critères d'agrément pour dispenser cet enseignement muss beuecht ginn
  9. Konditioune vum Artikel 73 vum Arrêté grand-ducal musse beuecht gi wat déi maximal Vitess an/oder d'Gewiicht vum Gefier ugeet.
  10. Art. 74 (3) vum Arrêté grand-ducal
  11. Art. 76quater vum Arrêté grand-ducal
  12. "Permis à points" op tranports.public.lu (gekuckt 30.11.2021).
  13. "Le barème des infractions" op trnasports.public.lu (gekuckt 20.11.2021).
  14. "La suspension du permis de conduire." op transports.public.lu, gekuckt 30.11.2021.
  15. "Comment récupérer le permis après une suspension du droit de conduire?" op transport.public.lu, gekuckt 30.11.2021.