De Iason war en Held aus der griichescher Mythologie. Hie war de Jong vum Aison vu Jolkos a vun der Alkimede.

Dem Iason säi Schëff

Well säi Monni, de Pelias, dee sengem Brudder säin Troun u sech gerappt hat, huet seng Mamm de Iason bei de Kentaur Cheiron ginn, deen en 20 Joer a Kënschten, Wëssenschaft a Kultus ënnerriicht huet. Duerno ass en zeréck gaangen an en huet vum Pelias sengem Papp säin Troun erëmgefuerdert. Fir Zäit ze gewannen, an an der Hoffnung e géif ënnerwee ëmkommen, huet de Pelias en doropshi geschéckt d'Gëlle Vlies aus Kolchis ze huelen.

De Mythos vun den Argonauten beschreift dës Aventure. Gehollef huet him d'Medea, déi hien aus Kolchis entfouert huet. D'Medea huet an hirem Kessel dem Iason säi Papp Aison gekacht, deen duerno méi jonk erausgesprongen ass. Dat selwecht huet si mam Pelias gemaach, huet awer déi falsch Kraider geholl an e sou ëmbruecht.

De Iason ass mat der Medea op Korinth geflücht. Do huet en d'Duechter vum Kinnek Kreon kennegeléiert, sech a si verléift an d'Medea verlooss. Dunn ass d'Medea duerchgedréint an huet de Kreon an och hir eege Kanner, déi si mam Iason hat, ëmbruecht.

De Iason ass ëmkomm wéi ee Stéck vu sengem Schëff, der Argo, op hie gefall ass.

Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.

Um Spaweck änneren

Commons: Jason – Biller, Videoen oder Audiodateien