Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

E Containerschiff ass e Schëff, dat fir den Transport vu Containere gebaut ginn ass an dat sech besonnesch fir dëse Genre vu Transport eegent.

Postpanmax-Containerschëff zu Zeegruges.
Kleng Containerbréck am Hafe vu Kopenhagen

D'Schëffskonstruktioun ass sou geplangt, datt kee Raum, wann d'Schëff geluede gëtt, onbenotzt bleift. D'Frachtkapazitéit vu Containerschëffer gëtt an TEUs (Zwanzeg-Fouss Equivalent Unitéiten, vgl.: Tonnage) uginn, dat heescht der Zuel vun 20-Fouss-Containeren, déi geluede kënne ginn. Geleefeg sinn och déi méi grouss 40-Fouss-Containeren, zanter der Mëtt vun den 1990er Joren och 45-Fouss-Containeren, déi allerdéngs iwwer dem ieweschten Deck transportéiert musse ginn. De Containertransport bitt de Virdeel, datt d'Containeren u Land direkt mam Camion kënne virutransportéiert ginn.

Containerschëffer hu vun enger bestëmmter Gréisst u keng eegen Installatioune fir ze lueden. Dofir kënne si dann nëmmen an Häfen (Containerterminalen) hir Fracht u Bord huelen, déi dofir gëeegent Containerbrécken hunn.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Container ships – Biller, Videoen oder Audiodateien