Sauermous oder Sauere Kabes ass reng geschniddene wäisse Kabes, deen duerch Mëllechsaier-Gärung, déi duerch Asolperen entsteet, konservéiert ginn ass a meeschtens gekacht giess gëtt.

Choucroute garnie

Fir d'Sauermous anzesolpere brauch een en äerdent Dëppen, an dat de gerappte Kabes kënnt. Am Dëppe gëtt de Kabes mam Moustuckert zerstouss, fir datt d'Fasere solle räissen. Doduerch gëtt d'Flëssegkeet déi an de Kabesblieder ass fräigesat. Et gëtt getuckt bis dat d'Flëssegkeet iwwer dem Kabes steet. Op déi Manéier ginn no an no Loen iwwerenee getässelt. Als Gewierzer gi Salz, Peffer an Neelcheskäpp gebraucht. Dat Ganzt gëtt mat engem Deckel zougedeckt op deen e Gewiicht geluecht gëtt. D'Sauermous kann da wann de Solperprozess no ongeféier 6 Wochen ofgeschloss ass, an der Kiche gebraucht ginn. Agesolperte Kabes ka sech sou iwwer ee Joer halen.

Et gëtt ugeholl, datt d'Erfindung vum Sauermous entweeder schonn op d'Antikt Griicheland zeréckgeet, oder awer mat de Mongolen aus Asien an Osteuropa koum, vu wou et dann, warscheinlech virun allem duerch Judden, déi et vill an hirer Kiche brauchen, bis an déi haiteg Beneluxlänner, Loutrengen an Elsass no Westen hi verbreet gouf.

Sauermous ass räich u Mëllechsaier, Vitaminn A, B, C a Mineralstoffer, an huet wéineg Kalorien (ongef. 19 kcal pro 100 g), sou gutt wéi kee Fett an enthält 3 bis 4 % Kuelenhydrater an 1 bis 2 % Proteinnen.

Gekacht Sauermous kann als Bäilag zerwéiert ginn, zu Lëtzebuerg, wéi och a Frankräich, gëtt et awer meeschtens als eegestännege Plat opgedëscht, als sougenannt Choucroute garnie, woubäi da Wirschtercher, Gesolpertes, More Speck a soss Charcuterie drop, a gekacht Gromperen derbäi zerwéiert ginn.

Sauermous ass och ee vun den 2 Haaptbestanddeeler vum Tierteg.

Um Spaweck änneren

Commons: Sauerkraut – Biller, Videoen oder Audiodateien