Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem däitsch-franséische Floss. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Sauer (Homonymie).

Den däitsch-franséische Floss Sauer (de: die Sauer; fr: la Sauer) ass en Niewefloss vum Rhäin. Säi Quellgebitt läit an der Südpfalz (Rheinland-Pfalz) an Däitschland; no engem Parcours vu 85,3 km fléisst en am Elsass (Frankräich) bei Munchhausen (Bas-Rhin) vu lénks an de Rhäin. An Däitschland gëtt den ieweschte Laf vum Floss Saarbach genannt, eng Verballhornung vu Sauer(bach), déi am 19. Joerhonnert opkomm ass.

Sauer
D'Sauer zu Wœrth
An anere Sproochen fr: Sauer
de: Sauer
Längt 85,3 km
Hydrographesche
Baseng
Rhäin
Fläch vum Baseng 806 km²
Originn
Originn Quell
Plaz Eselssteige (Wasgau) (Rheinland-Pfalz)
Héicht 363 m
Koordinaten 49° 05’ 6.68’’ N
      07° 35’ 19.54’’ O
Konfluenz
Leeft an de Rhäin
Plaz Munchhausen
Héicht 106 m
Koordinaten 48° 54’ 58.49’’ N
      08° 09’ 27.92’’ O
Geographie
Land Däitschland
Frankräich

Den Delta vun der Sauer (fr: le delta de la Sauer) ass 1997 als "réserve naturelle" klasséiert ginn, mat 486,37 ha déi zweetgréisst aus dem Elsass. Wat d'Vegetatioun ubelaangt, sou falen do besonnesch déi schéi Kappweiden op, déi mat déi gréisst "saulaie blanche" (Silberweiden-Auewald, Salicetum albae) aus dem Elsass bilden. Den Delta huet eng räich Amphibiefauna, mat ë. a. der Pelobates fuscus (fr: Pélobate brun, de: Knoblauchkröte), an eng interessant Avifauna[1].

Referenzen änneren

  1. Le delta de la Sauer
    La réserve naturelle du Delta de la Sauer
    Delta de la Sauer