Sandra Mason

barbadesch Politikerin

D' Dame Sandra Prunella Mason, GCMG, DA, QC, gebuer de 17. Januar 1949 zu East Point, Saint Philip, ass eng barbadesch Affekotin, Riichterin a Politikerin. Si war vun 2018 un déi lescht Generalgouverneurin an ass zanter dem 30. November 2021 déi éischt Staatspresidentin vu Barbados.

Sandra Mason
Gebuertsnumm Sandra Prunella Mason
Gebuer 17. Januar 1949
Saint Philip
Nationalitéit Barbados
Educatioun Juristesch Fakultéit vun der Universitéit Windsor,
University of the West Indies
Aktivitéit Riichter, Politiker

D'Sandra Mason huet op der University of the West Indies (Cave Hill Campus, Barbados) Droit studéiert an &975 e Certificate of Legal Education op der Hugh Wooding Law Schoolan Trinidad an Tobago agemaach.[1] Tëscht 1998 an 2001 huet si weider Formatiounen am Droit gemaach.

Si huet als Léierin ugefaange mat schaffen. Dono huet si fir d' Bank Barclays geschafft. 1978 gouf se Riichterin fir de Beräich Jugend a Famill, an huet och Coursen zum Droit familial ginn. Vun 1993 bis 1994 war d'Mason Ambassadrice a Venezuela, Chile, Kolumbien a Brasilien. 1994 gouf si Chief Magistrate, 1997 Greffière vum Ieweschte Geriichtshaff vu Barbados, an hat weider héich Rollen an der Justiz.

2017 gouf si zu der aachter Generalgouverneurin vu Barbados ernannt.[2]

Am August 2021gouf si nominéiert, éischt Presidentin vu Barbados ze ginn, wéi hiert Land vun enger konstitutioneller Monarchie ënner brittescher Kroun an eng Republik ëmgewandelt gouf.[3] Den 20. Oktober 2021 gouf si vun den zwou Chambere vum barbadesche Parlament eestëmmeg zur Presidentin gewielt.[4] Si huet hir Fonctioun den 30. November dat Joer, um barbadeschen Nationalfeierdag, ugetratt.

Um Spaweck änneren

Commons: Sandra Mason – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. "Governor General" op gov.bb; gekuckt 2021-09-24.
  2. Sandra Mason to be new Governor General." NationNews, 2017-12-27; gekuckt 2021-09-21.
  3. Carol Martindale: "Dame Sandra nominated to be first President of Barbados." NationNews, 2021-08-21, gekuckt 2021-09-21.
  4. "Barbados Governor General Sandra Mason to Become Island's First President." Caribbean National Weekly, 21.10.2021.