Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

An der Metrologie an an de Wärungssystemer ass eng Äichmooss e Modell vun enger Moosseenheet oder vun engem Gewiicht, dat als Referenz déngt, wéi zum Beispill de Standardmeter oder de Goldstandard.

E Standardmeter vum Chalgrin op 36, Rue de Vaugirard, Paräis, 6. Arrondissement
Dat fréiert Äichamt zu Rëmerschen

Well am Handel an am Geschäftswiese genee Moossen eng wichteg Roll spillen, muss verschidde Geschier wéi Woen, an d'Gewiichter dofir, Moossbehälteren asw., geäicht sinn. D'Kontrollorgan zu Lëtzebuerg wéi an anere Staaten ass de Service des poids et mesures de l'Etat och Äichamt genannt.

Zanter 2008 ass dee Service am nei geschafenen Institut luxembourgeois de la normalisation, de l'accréditation, de la sécurité et qualité des produits et services (ILNAS) integréiert[1].

Referenzen änneren

  1. D'Missioun vun der Métrologie légale Archivéiert op 2010-02-27. Gekuckt de(n) 2010-11-28.

Um Spaweck änneren