Saint-Juvin ass eng franséisch Gemeng an den Ardennen an der Regioun Grand Est am Dall vun der Aire.

Saint-Juvin
Déi befestegt Kierch

Déi befestegt Kierch
Déi befestegt Kierch
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Ardennes
Arrondissement Vouziers
Kanton Attigny
Postcode 08250
Gemengecode 08274
Koordinaten 49° 19’ 14’’ N
      04° 55’ 40’’ O
Fläch  1.061 ha
Bevëlkerung  110 (2006)

Fréier war Saint-Juvin iwwer d'Gare Marcq-Saint-Juvin déi um hallwe Wee tëscht Marcq a Saint-Juvin stoung un d'Eisebunnsnetz ugeschloss. Zwou Strecken hunn d'Gare zerwéiert, an zwar d'Streck Marcq-Saint-Juvin - Baroncourt an d'Streck Challerange-Aubréville. De 24. August 1995 gouf d'nodeems scho jorelaang keen Zuch méi do gefuer ass, d'Bréck vun der Départementale 42, déi nieft der Gare iwwer d'Gleiser gefouert huet, gesprengt.

Kuckeswäertes änneren

  • Déi fréier Minoterie Tristant
  • Déi befestegt Kierch aus der Mëtt vum 17. Joerhonnert déi als Monument national klasséiert ass. A puer Miwwelstécker an der Kierch sinn och klasséiert, sou wéi d'Statu vum Saint-Juvin, den Dafsteen an eng Statu vum Saint-Roch.

Kuckt och änneren