Sahle-Work Zewde

Ethiopesch Politikerin

D'Sahle-Work Zewde (Amharesch: ሳህለወርቅ ዘውዴ), gebuer den 21. Februar 1950 zu Addis Abeba, deemools am Keeserräich Abessinien, haut an Ethiopien, ass eng ethiopesch Politikerin an Diplomatin. Si ass zanter dem 25. Oktober 2018 Presidentin vun der Demokratescher Bundesrepublik Ethiopien.

Sahle-Work Zewde
Gebuer 21. Februar 1950
Addis Abeba
Nationalitéit Ethiopien
Educatioun Universitéit vu Montpellier
Aktivitéit Politiker, Diplomat
Partei Onofhängeg

D'Sahle-Work huet op der Universitéit Montpellier Naturwëssenschafte studéiert an dono am diplomateschen Déngscht vun Ethiopien geschafft. Si war Ambassadrice ë. a. a Frankräich, am Dschibuti an am Senegal, an och Permanent Representantin vun Ethiopien bei der UNESCO, der Afrikanescher Unioun an IGAD. 2011 gouf se vum Ban Ki-moon als Directrice vum Büro vun de Vereenten Natiounen zu Nairobi (UNON) ernannt.[1]

Si gouf de 25. Oktober 2018 vum ethiopesche Parlament eestëmmeg als éischt Fra als Bundespresidentin gewielt.[2]

D'Sahle-Work huet zwéi Jongen.

Um Spaweck änneren

Commons: Sahle-Work Zewde – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. "Secretary-General Appoints Sahle-Work Zewde of Ethiopia as Director-General, United Nations Office at Nairobi." un.org, 2011-03-11.
  2. "Äthiopien hat erstmals eine Präsidentin." dw.com, 2018-10-25