D'SWAPO ass eng politesch Partei a fréier Onofhängegkeetsbeweegung an Namibien. Si ass zënter der Onofhängegkeet vum Land am Joer 1990 un der Muecht. Ursprénglech stoung deen Akronym fir South West African People's Organisation.

Logo vun der SWAPO

Si gëtt wat d'Memberszuelen an den Afloss betrëfft vun den Ovambo dominéiert, enger Ethnie aus dem Norde vum Land.

Geschicht änneren

Ursprong änneren

Nom Éischte Weltkrich huet de Vëlkerbond den Territoire Südwestafrika, dee virdrun eng däitsch Kolonie war, dem Vereenegte Kinnekräich uvertraut. Dat sollt den Territoire als Mandat zesumme mat Südafrika verwalten. 1948 huet d'Nasionale Party a Südafrika d'Wale gewonnen an do an a Südwestafrika d'Apartheid agefouert. Obwuel Südwestafrika theoreetesch eng separat Entitéit war, ass se vun der südafrikanescher Regierung wéi eng fënneft südafrikanesch Provënz verwalt ginn.

D'SWAPO ass den 19. Abrëll 1960 gegrënnt ginn. Si ass den Nofollger vun der Ovamboland People's Organization. D'Leadere vun der Beweegung hu si ëmbenannt, fir ze weisen, datt si all d'Awunner vu Südwestafrika géif representéieren. Trotzdeem war d'Basis nach ëmmer d'Ovambo-Ethnie aus dem Norde vum Land.

Onofhängegkeetskrich änneren

1962 huet si sech als dominéierend nationalistesch Organisatioun fir d'namibescht Vollek erauskristalliséiert. Aner Beweegungen, déi vun aneren Ethnien dominéiert goufen, hunn d'SWAPO och deelweis integréiert. D'SWAPO huet Guerillamethode benotzt fir géint d'South African Defence Force, d'südafrikanesch Arméi, ze kämpfen. Den éischte groussen direkten Zesummestouss a Konflikt gouf et de 26. August 1966, wéi Truppe vun der SWAPO an d'südafrikanesch Arméi, ënnerstëtzt vun der Loftwaff, géigesäiteg op sech geschoss hunn.

Deen Datum gëllt generell als Ufank vum Südafrikanesche Grenzkrich. 1972 huet d'Generalversammlung vun de Vereenten Natioun d'SWAPO als "eenzeg legitimme Vertrieder" vum namibesche Vollek unerkannt. D'norwegesch Regierung huet vun 1974 d'SWAPO direkt mat Hëllefsmëttel ënnerstëtzt.

D'Nopeschland am Norden, Angola, ass den 11. November 1975 no engem Onofhängegkeetskrich géint Portugal onofhängeg ginn. De lénksgeriichte Movimento Popular de Libertação de Angola (MPLA), dee vu Kuba an der Sowjetunioun ënnerstëtzt gouf, ass un d'Muecht komm. Am Mäerz 1976 huet den MPLA der SWAPO ugebueden, vu Basissen am Angola aus seng Attacke géint d'südafrikanesch Arméi ze organiséieren.

Am onofhängegen Namibia änneren

 
E Gefier vun der SWAPO, dat wärend de Walcampagnen zum Asaz koum

1990 ass no laangjärege Kämpf Südwestafrika onofhängeg ginn an huet offiziell den Numm Namibien ugeholl. D'SWAPO ass déi dominant politesch Partei ginn. Well am Numm vun der SWAPO awer d'"South West African People" ernimmt ginn, an d'Parteileedung deen Numm net wollt änneren, well en ze enk mam Kampf fir Onofhängegkeet verbonnen ass, huet si entscheet just nach den Akronym SWAPO ze benotzen.

Am November 1989 goufe Walen organiséiert, bei deenen de SWAPO-Kandidat Sam Nujoma zum éischte President vun Namibien gewielt gouf. 1999 huet hien d'Verfassung ännere gelooss, fir sech kënnen eng drëtte Kéier kënne bei der Presidentschaftswal ze presentéieren.. De SWAPO-Kandidat Hifikepunye Pohamba war tëscht 2005 an 2015 President vun Namibien. Säin Nofollger vun 2015 bis 2024 war den Hage Geingob, deen och un der Spëtzt vun der vun der SWAPO stoung.

D'SWAPO ass volle Member vun der Sozialistescher International. Virun der namibescher Onofhängegkeet huet d'Organisatioun zu der Beweegung vun den net-alignéierte Staate gehéiert.

Um Spaweck änneren

Commons: SWAPO – Biller, Videoen oder Audiodateien