Südspidol
D'Südspidol ass e Projet vun engem neie Spidolsgebai, dat zu Esch-Uelzecht, am Quartier Raemerech, um Flouer Elsenbrich, laanscht d'Dipbech, geplangt ass. Den Entworf ass vum Architektebüro Albert Wimmer ZT-GmbH vu Wien[1][2]
D'Finanzéierungsgesetz gouf den 12. Juli 2018 eestëmmeg vun der Chamber ugeholl. Fir de Bau goufe ronn 542 Milliounen Euro ageplangt, wouvun 80% vum Staat an 20% vun der CNS iwwerholl ginn.[3]
Geplangt sinn ë. a. 583 Better (wouvun der 81% an 1-Bett-Zëmmere stoe sollen), 16 Operatiounssäll a 4 Gebuertssäll.[3]
D'Aarbechte waren ufanks vun 2019 bis 2023 virgesinn.[2] Uganks 2020 gouf den Datum fir d'Enn vun den Aarbechten op 2026 nei festgeluecht.[4] Ma am September 2021 huet de Verwaltungsrot vum CHEM de Kontrakt mam Architektebüro 'wéinst schlechtem Zäitplang an ontransparente Käschte' gekënnegt. Dat bedeit, datt d'Südspidol fréistens 2031 fir Patienten opgoe wäert.[5]
D'Südspidol soll, wann et fäerdeg ass, déi dräi eeler Gebaier vun der Grupp Centre hospitalier Emile-Mayrisch ersetzen.
Literatur
änneren- Luc Laboulle: "Avantgarde. Zehn Jahre Südspidol: Eine Chronologie des Scheiterns." d'Lëtzebuerger Land, Jg.68, Nr.37, 17.09.2021, S.6.
Kuckt och
änneren- Aner Spideeler zu Esch-Uelzecht:
- Spideeler zu Lëtzebuerg
Um Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ "Neit Südspidol: 'E Spidol vu muer, e Spidol mat enger Séil'." rtl.lu, 24.10.2015, 09:54:12.
- ↑ 2,0 2,1 "Baubeginn des Südspidol wohl Ende 2019." wort.lu, 16.3.2018.
- ↑ 3,0 3,1 "Finanzéierung vu Südspidol ugeholl: 540 Milliounen Euro wäert de Bau kaschten." rtl.lu, 12.07.2018, 17:42:51;
- ↑ "D'Südspidol zu Esch mécht eréischt 2026 an net 2023 seng Dieren op." Roy Grotz op rtl.lu, 24.01.2020.
- ↑ "Trennung vun Architekte wéinst schlechtem Zäitplang an ontransparente Käschten. rtl.lu, 03.09.2021.