Sébastien Thill (Foussballspiller)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Foussballspiller Sébastien Thill. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Sébastien Thill. |
De Sébastien Thill, gebuer den 29. Dezember 1993, ass e lëtzebuergesche Foussballspiller.[1],[2]
Sébastien Thill | |
---|---|
Gebuer |
29. Dezember 1993 Nidderkuer |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Foussballspiller |
Positioun oder Spezialitéit | Mëttelfeldspiller |
Gréisst | 178 cm |
Veräin/Ekipp |
Progrès Nidderkuer, CS Péiteng, Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp, Progrès Nidderkuer |
Famill | |
Papp | Serge Thill |
Mamm | Nathalie Hoeltgen |
Geschwëster | Vincent Thill, Olivier Thill, Marek Thill |
Vun 2015 bis 2017 huet de Sébastien an der lëtzebuergescher Foussballnationalekipp gespillt.[3]
De Serge Thill ass säi Papp, an de Vincent Thill an den Olivier Thill si seng Bridder, a si sinn all Foussballspiller. Seng Mamm Nathalie Hoeltgen ass eng fréier Foussballspillerin.
2020 ass hie vum Progrès Nidderkuer, wou hien zanter 2013 gespillt hat a Kapitän war, bei de russeschen Éischtligist FK Tambow gewiesselt,[4] wou hien erëm mat sengem deemolege Matspiller Alexander Karapetjan gespillt huet. Hie war domat den drëtte Lëtzebuerger, no sengem Brudder Olivier an dem Mikhail Zaritskiy, deen an der éischter russescher Liga spillt.
2021 ass hie bei de Sheriff Tiraspol gewiesselt.
Referenzen
änneren- ↑ De Kader vun der lëtzebuergescher Foussballnationalekipp op der Websäit vun der FLF mam Gebuertsdatum vum Sébastien Thill
- ↑ De Sébastien Thill op der Websäit vun der UEFA
- ↑ Lëscht vun de Lännermatcher vum Sébastien Thill op der Websäit eu-football.info
- ↑ "De Sébastien Thill huet bei FK Tambow a Russland ënnerschriwwen." rtl.lu, 03.09.2020 10:39.