Aleksandre Karapetian

däitsch-armenesche Foussballspiller
(Virugeleet vu(n) Alexander Karapetjan)
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Foussballspiller. Fir den armeenesche Sänger, kuckt wgl. Alexander Karapetjan (Sänger).

Den Aleksandre Karapetian, och Alexander Karapetjan (op Armeenesch: Ալեքսանդր Կարապետյան), gebuer den 23. Dezember 1987 zu Tiflis a Georgien, ass en däitsch-armeenesche Foussballspiller op der Stiermer-Positioun[1][2].

Aleksandre Karapetian
Gebuer 23. Dezember 1987
Tiflis
Nationalitéit Armenien
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Stiermer
Gréisst 184 Zentimeter
Gewiicht 83 kg
Veräin/Ekipp F91 Diddeleng,
SV Wehen Wiesbaden,
CS Gréiwemaacher,
F91 Diddeleng,
F91 Diddeleng,
CS Gréiwemaacher

Zanter 2006 huet hien a senger Karriär fir verschidden däitsch, a spéider fir lëtzebuergesch, russesch an armeenesch Foussballclibb gespillt[1].

2014 huet de Karapetian fir déi armeenesch Foussballnationalekipp debutéiert an huet zweemol am Team gespillt[2]. 2018 ass hie bei d'armeenesch Nationalekipp zeréckkomm, an huet zwéi Goler an de Matcher géint Gibraltar a géint Liechtenstein geschoss[3]. Interessant ass, datt de Karapetian, deen armeenesch Originnen huet, fir d'éischt just am Joer 2012 an Armenie war[4]. Hie schwätzt schlecht Armeenesch a Georgesch, dofir awer ganz gutt Däitsch[5], an och Russesch an Englesch[6]. D'Participatioun am Kader vun der armeenescher Nationalekipp war den Dram vum Spiller a vu senger Famill[7],[8].

De Karapetian lieft mat senger russescher Fra zu Lëtzebuerg, a baussent dem Sport ass hie Geschäftsmann. Hien ass de Besëtzer vun enger Software-Firma, vun enger Shisha-Bar, an huet hien och e Liwwerungsbetrib zu Dubai[6].

Wéinst sengem Glach mam iresche Kampfsportler gëllt den Aleksandre Karapetian als "den armeenesche Conor McGregor"[6].

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 https://www.transfermarkt.de/aleksandre-karapetian/profil/spieler/49788
  2. 2,0 2,1 https://www.liga3-online.de/aue-testet-armenischen-nationalspieler-aleksandre-karapetian/
  3. https://www.transfermarkt.de/aleksandre-karapetian/nationalmannschaft/spieler/49788/verein_id/6219
  4. https://sport.news.am/rus/news/48459/aleksandr-karapetyan-bernaru-shallandu-udaetsya-khorosho-motivirovat-nas.html
  5. Archive copy Archivéiert op 2014-10-09. Gekuckt de(n) 2018-04-30.
  6. 6,0 6,1 6,2 https://www.championat.com/football/article-3510267-intervju-s-aleksandrom-karapetjanom-byvshim-igrokom-sbornoj-armenii.html
  7. https://www.championat.com/football/article-3323675-leo-messi-i-garri-kejn-zabivali-v-2017-godu-bolshe-gola-za-igru.html
  8. http://noev-kovcheg.ru/mag/2014-20/4807.html