Rupes Altai

Escarpe um Mound

De Rupes Altai ass en Ofrëss vum Terrain am südëstleche Quadrant vun der viischter Äerdmoundsäit. Seng selenographesch Koordinate si 24° S an 23° O. D'Formatioun ass 550 km laang.

Rupes Altai
Koordinaten 24°19'12"S, 23°7'12"O
Genannt no Altai
Genannt am Joer 1961
Moundvéiereck LQ20

Dat südëstlech Enn vun der Klipp fänkt um westleche Bord vum Krater Piccolomini un. Vun do streckt si sech an engem onreegelméissege Bou no Norden an erreecht dobäi eng Héicht vu bal engem Kilometer. De Bou hält am Norden an engem onreegelméissege Gebitt ouni eendeiteg Begrenzung, dat vun de markante Krateren Theophilus, Cyrillus a Catharina agefaasst gëtt, op. De Rupes Altai ass déi südwestlech Begrenzung vum Aschlagbecke Mare Nectaris.

D'Struktur ass wärend der Vollmound-Phas schwéier z'erkennen, well dann d'Sonn am Zenit steet. Am beschten erkennt ee se, wann den Terminator an der Géigend läit an d'Sonneliicht an engem flaache Wénkel afält.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren