Rupes (latäin fir „Spléck“ „Rëss“ „Gruef“) ass an der Geologie a Planetologie d'Bezeechnung fir laanggestreckt Rëss um Äerdmound an op aneren Himmelskierper vum Sonnesystem. Als schmuel, verdéift Linnstrukture vu bis zu 400 km Längt si si en Zeeche fir Spannungskräfte bannen an enger Gestengs- oder Äiskuuscht.

Um Äerdmound hunn e puer vu sou Rupes méi de Charakter vun enger Terrainskant wéi vun engem Gruef, wéi de Rupes Altai an déi "Laang Mauer" (Rupes Recta). Dës „Mauer“ ass keen 100 km laange Rampli, wéi ee bei Hallefmound menge kéint, mä nëmmen een Hank deen 10° schréi ass a bei méi héijem Sonnestand bal onsiichtbar gëtt.

Rupes (Spléck) um Äerdmound änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie