D'Rupes Boris sinn eng kleng Uewerflächestruktur op der nordwestlecher viischter Moundsäit um Westrand vum Mare Imbrium, ëstlech vum Krater Delisle. Et si keng Rupes (latäin fir "Spléck" "Rëss" "Gruef"), wéi den Numm eigentlech undeit, mä e Kamm, deen zu den Ejekta vum Delisle niewendru gehéiert. Ëstlech vun de Rupes Boris verleeft d'Moundrill Rima Delisle a südlech d'Rima Diophantus.

Rupes Boris
Rupes Boris mat Boris, Gaston a Linda (LROC-WAC)
Koordinaten 30°40'12"N, 33°36'0"W
Duerchmiesser 8,58 km
Genannt am Joer 1985
Moundvéiereck LQ04

Déi speziell Bezeechnung vun der Struktur war ufanks net als offiziell geduecht. Si gouf zesumme mat aneren inoffizielle Bezeechnunge vu méi klengen Uewerflächestrukturen aus der Topophotomap-Kaarteserie vun der NASA vun der I.A.U. am Joer 1976 iwwerholl. Rupes Boris ass mat dëser Bezeechnung op der Topophotomap 39B2/S2 ze fannen.[1]

Dat selwecht gëllt fir déi kleng Kratere Boris, Gaston a Linda, déi zimmlech no beim Rupes Boris leien.

Hiren Numm steet an enger Lëscht als Kraternumm an de Proceedings vun der 16. IAU-Generalversammlung (Grenoble 1976).[2]

Numm Positioun Duerchmiesser Link
Boris 30,52° N, 33,51° W7 2 km [1]
Gaston 30,86° N, 33,98° W7 2 km [2]
Linda 30,67° N, 33,39° W7 1 km [3]

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Topophotomap 39B2/S2
  2. Exzerpt aus Transactions of the IAU Bd. XVIB, Hrsg. von D. Riedel, 1977