Rumänesche Leu

Wärung vu Rumänien

De Rumänesche Leu oder och einfach Leu; Méizuel: Lei (ISO 4217-Code = RON) ass zanter dem 22. Abrëll 1867 déi offiziell Wärung vu Rumänien.

1 Leu ass an 100 Bani ënnerdeelt. Ban heescht "Geldstéck" oder och "Suen".

Geschicht änneren

De Leu gouf den 22. Abrëll 1867 offiziell als Wärung agefouert. D'Wärung gouf 1878 vum Russesche Rubel verdrängt. Doropshin huet Rumänien 1889 eng Goldwärung agefouert.

Nodeems de Leu an de Jore virdru staark u Wäert verluer hat, an et eng héich Inflatioun gouf, huet d'Rumänesch Zentralbank den 1. Juli 2005 den "neien" Rumänesche Leu agefouert. Bei dësem goufe 4 Nulle par rapport zum "alen" ewech gelooss (10.000 al Lei enttspriechen 1 neie Leu).

Mënzen am Ëmlaf änneren

Nennwäert Bild Material Gewiicht Duerchmiesser Déckt Erauskomm
1 Ban   Stol mat Messeng iwwerzunn 2,4 g 16,75 mm 1,6 mm 1. Juli 2005
5 Bani   Stol mat Koffer iwwerzunn 2,78 g 18,25 mm 1,6 mm 1. Juli 2005
10 Bani   Stol mat Néckel iwwerzunn 4,0 g 20,5 mm 1,8 mm 1. Juli 2005
50 Bani   Néckelbronze
80 % Cu, 15 % Zn, 5 % Ni
6,1 g 23,75 mm 1,9 mm 1. Juli 2005

Billjeeën am Ëmlaf änneren

Nennwäert Bild Portrait Gréisst
1 Leu   Nicolae Iorga 120 × 62 mm
5 Lei   George Enescu 127 × 67 mm
10 Lei   Nicolae Grigorescu 134 × 72 mm
20 Lei   Ecaterina Teodoroiu 136 × 77 mm
50 Lei   Aurel Vlaicu 140 × 77 mm
100 Lei   Ion Luca Caragiale 147 × 82 mm
200 Lei   Lucian Blaga 150 × 82 mm
500 Lei   Mihai Eminescu 153 × 82 mm

D'Billjeeë sinn aus Polymer. Rumänien war 2005 dat éischt Land an Europa, dat dëst Material fir seng Billjeeë geholl huet.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Rumänesche Leu – Biller, Videoen oder Audiodateien