Dräikinneksgaass

Strooss an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg
(Virugeleet vu(n) Rue Chimay)

D'Dräikinneksgaass (offiziell: Rue Chimay) ass eng Strooss an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg, déi d'Plëss d'Arem iwwer d'Ënneschtgaass mam Boulevard Roosevelt verbënnt.

Dräikinneksgaass
Offiziellen Numm Rue Chimay
Lëtzeb. Numm Dräikinneksgaass
Ënnerhal vu(n) Service Voirie vun der Stad Lëtzebuerg
Situatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Quartier(en) Uewerstad
Postcode L-1333
Koordinaten 49°36'37,80"N, 6°7'46,74"O
Morphologie
Längt 115 m
Héicht i. M. 300 m
Geschicht
Genannt 1671
Genannt no Philippe de Ligne Grof vu Beaumont
D'Dräikinneksgaass, no Norden hi gekuckt.

Ënner de Fransousen huet dës Strooss rue de la Concorde geheescht; wärend der däitscher Besatzung: Dreikönigsstraße[1].

D'Strooss gouf ëm d'Mëtt vum 17. Joerhonnert ugeluecht; virdru waren do virun allem Gäert.

Nimm änneren

Den Numm Rue Chimay geet zeréck op de Philipp de Croy, Prënz vu Chimay an Arenberg, dee vu 1654 bis zu sengem Doud, 1675, Gouverneur vum Herzogtum Lëtzebuerg war.

1671/72 goufen op Uerder vum Generalgouverneur vun den Nidderlanden Monterrey an dem Generol de Louvignies eng ganz Rëtsch Haiser ë. a. am Biisserwee, am Grënnerbierg an am Pafendaller Bierg ofgerappt, fir d'Festung auszebauen. D'Leit kruten neier am Zentrum vun der Stad an neie Stroossen, déi op dofir confisquéierten Terraine gebaut goufen: d'Montereysavenue, d'Louvignysgaass an och d'Chimaysgaass.[2]

Den Numm Dräikinneksgaass sengersäits geet op eng Bäckerei zeréck, déi iwwer dem Buttek eng Figuregrupp mat den Dräi Kinneken hänken hat. 1768 hat sech de Bäckermeeschter Hilaire Houver op Nummer 5 an der Chimaysgaass niddergelooss an als Hausschëld d'Motiv vun den Dräi Kinneke gewielt. Et houng do bis 1919, ier et duerch en anert ersat gouf, dat dunn awer nom Krich ewechgemaach gouf. D'Schëld aus dem 18. Joerhonnert huet bis haut iwwerlieft an ass an der Sammlung vum Staatsmusée.[3]

Haiser änneren

Eenzel Haiser an der Dräikinneksgaass stinn zanter dem 5. Mee 1978 op der Lëscht vum Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter:

Déi zwee Haiser, déi den Eck mat der Plëss d'Arem maachen (Place d'Armes Nummer 5 a 7), sinn als Nationalmonumenter klasséiert:

Bekannt Bewunner änneren

Nieft dem schonn ernimmten Antoine Meyer ass an der Dräikinneksgaass de Léon Moulin op d'Welt komm an de Paul Eyschen gestuerwen.

Um Spaweck änneren

Commons: Dräikinneksgaass – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Guy May, 2002. Die Straßennamen der Stadt Luxemburg unter deutscher Besatzung (1940-1944). Ons stad 71: 30-32.
  2. Jemp Kunnert: Moments d'urbanisme. In: ons stad 21, 1986, S.2-5.
  3. "Woher stammt der Name „Dräikinneksgaass“?" Encart an: ons stad 103/2013, S.9.