Rubin (Al2O3, mat Spuere vu Cr) gëtt déi rosazeg bis rout Varietéit vum Mineral Korund genannt. Déi rout Fierwung ass op kleng Quantitéite vu Chrom zeréckzeféieren, déi mat dra sinn. Korunden an anere Faarfvarietéiten (z. B. blo oder brongelzeg) ginn net Rubin, mä Saphir genannt.

Den Numm Rubin kënnt vum mëttellaténgesche rubens, rubinus fir rout, dee Rouden.

Rubine kommen ausser an der Antarktis op alle Kontinente vir. Déi am meeschte gesicht ginn, kommen aus Asien (Haaptexportlänner: Myanmar, Thailand a Sri Lanka). An Europa goufen a Finnland, op Grönland, an Norwegen an an Nordmazedonien Rubine fonnt.

Zanter 1835 kann ee Rubinen och kënschtlech produzéieren.

E Bracelet mat Rubinen an Diamanten

Rubine gi virun allem als Edelsteng an der Bijouterie verschafft, wou se geschlaff ginn, fir a Bijouen integréiert ze ginn.

Syntheetesch eekristallin Rubine sinn en aktiivt Medium a Rubinlaseren.

Och a Prezisiounsinstrumenter wéi Aueren, Koordinate-Miessapparater oder Nole vu Plackespiller komme Rubinen zum Asaz.

Literatur änneren

  • Petr Korbel, Milan Novák: Mineralien Enzyklopädie. Nebel Verlag GmbH, Eggolsheim 2002, ISBN 3-89555-076-0
  • Walter Schumann: Edelsteine und Schmucksteine. 13. Auflage. BLV Verlags GmbH, 1976/1989, ISBN 3-405-16332-3

Um Spaweck änneren

Commons: Rubin (Ruby) – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • Rubin bei www.mindat.org (engl.)