Den Thomas Alan (Tom) Waits, gebuer de 7. Dezember 1949 zu Pomona a Kalifornien, ass e US-amerikanesche Sänger, Komponist, Auteur a Schauspiller.

Tom Waits
Gebuertsnumm Thomas Alan Waits
Gebuer 7. Dezember 1949
Pomona
Nationalitéit USA
Aktivitéit Liddermécher, Sänger, Schauspiller, Komponist, Jazzpianist, Schrëftsteller, Jazzgittarist

Hien ass bekannt fir seng markant Stëmm, déi e Kritiker eng Kéier sou beschriwwen huet: Se kléngt, wéi wann ee s'an engem Faass Bourbon gesolpert hätt, dann e puer Méint an de Reez gehaangen hätt, a se dann op d'Strooss erausgehäit hätt, wou s'e puermol iwwerfuer gouf.

Hien huet seng Carrière als Museker an Night-Clubs ugefaangen, 1973 koum säin éischten Album, de melancholesche Closing Time eraus. No e puer weidere Placken huet hien 1980 ugefaangen, mam Francis Ford Coppola zesummenzeschaffen, fir deen en d'Musek vum Film One from the Heart geschriwwen huet, an och an e puer vu senge Filmer matgespillt huet (ë. a. The Outsiders, The Cotton Club an Dracula. Och mam Robert Altman a mam Jim Jarmusch huet hien zesummegeschafft. Zesumme mat senger Fra Kathleen Brennan huet en de surrealistesche Concertsfilm Big Time geschriwwen.

Seng Albumen aus den 1980er Joren Swordfishtrombones, Rain Dogs a Frank's Wild Years, hunn e besonnesche Klang, an deem gär Bléiserpartien aus der Soulmusek mat avantgardistesche Perkussiounen oder verzerrte Gittarekläng vermëscht huet.

Hien hat och eng erfollegräich Carrière als Theaterschauspiller. Eng jett bekannt Museker wéi de Bruce Springsteen, de Meat Loaf oder de Rod Stewart hu Lidder vun him gecovert

Discographie änneren

Alben änneren

  • 1973: Closing Time
  • 1974: The Heart of Saturday Night
  • 1975: Nighthawks at the Diner (Live)
  • 1976: Small Change
  • 1977: Foreign Affairs
  • 1978: Blue Valentine
  • 1980: Heartattack and Vine
  • 1982: One from the Heart (Filmmusek)
  • 1983: Swordfishtrombones
  • 1985: Rain Dogs
  • 1987: Franks Wild Years
  • 1988: Big Time (Live)
  • 1992: Night on Earth (Filmmusek)
  • 1992: Bone Machine
  • 1993: The Black Rider
  • 1999: Mule Variations
  • 2002: Alice
  • 2002: Blood Money
  • 2004: One from the Heart (Filmmusek, 2-CD-Reissue)
  • 2004: Real Gone
  • 2006: Orphans: Brawlers, Bawlers & Bastards (3CD Boxset)
  • 2009: Glitter and Doom (Live)
  • 2011: Bad As Me

Kompilatiounen änneren

  • 1981: Bounced Checks
  • 1984: Anthology of Tom Waits
  • 1984: Asylum Years
  • 1991: The Early Years
  • 1992: The Early Years Vol. 2
  • 1998: Beautiful Maladies: The Island Years 1983-1993
  • 2001: Used Songs: 1973-1980

Filmmusek änneren

Filmographie änneren

Bicher änneren

  • 2011: Seeds on Hard Ground. X-Ray Book Co., San Francisco 2011.
  • 2013: WAITS/CORBIJN ’77-’11. Schirmer/Mosel Verlag, München 2013, ISBN 978-3-8296-0555-7 (mam Anton Corbijn).

Literatur änneren

  • Patrick Humphries: Gestohlene Erinnerungen. Sonnentanz, Augsburg 1990, ISBN 3-926794-08-9.
  • du Nr. 9, Tom Waits - Die Ballade vom anderen Amerika, TA-Media AG, Zürich 1997.
  • Cath Carroll: Tom Waits. Hannibal, Höfen 2001, ISBN 3-85445-190-3.
  • Patrick Humphries: Die vielen Leben des Tom Waits. Bosworth-Edition, Berlin 2008, ISBN 978-3-86543-233-9.
  • Jay S. Jacobs: Tom Waits: Musik & Mythos. Stagecraft Entertainment, Stuttgart 2009, ISBN 978-3-00-026953-0.
  • Barney Hoskyns: Tom Waits: Ein Leben am Straßenrand. Heyne, München 2009, ISBN 978-3-453-26633-9
  • Mac Montandon (Hrsg.): Tom Waits. Der Geschichtenerzähler. Gespräche - Interviews - Dokumente. Kartaus, Regensburg 2010, ISBN 978-3-936054-10-1.

Um Spaweck änneren

Commons: Tom Waits – Biller, Videoen oder Audiodateien