Rousemaräin

wanterhaart Kraut aus der Famill vun de Lëpsebléieplanzen (Lamiaceae)
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Rousemaräin, Rosmarinus officinalis L., ass e wanterhaart Kraut aus der Famill vun de Lëpsebléieplanzen (Lamiaceae). D'Planz ass fir seng ëmmergréng Blieder, déi wéi Nolen ausgesinn an aromatesch richen, bekannt a beléift.

Rousemaräin aus: Köhler's Medizinal-Pflanzen, 1897.
Rousemaräin als Gewierz.
Rosmarinus officinalis

Den Numm

änneren

Den Numm huet näischt mam Fraennumm ze dinn; e kënnt aus dem Latäin ros marinus a bedeit Da vum Mier.

Op Lëtzebuergesch kann d'Aart och nach Rosemaräin genannt ginn.[1]

Wou e wiisst

änneren

De Rousemaräin wiisst wëll an de Mëttelmiergéigenden, vu Portugal bis a Klengasien. D'Planz huet gär dréche Plazen an der Sonn.

Se gëtt als Gewierzplanz ugeplanzt, awer och fir schéin ze maachen.

Den ethereschen Ueleg, deen aus de Blieder mat Waasserdamp destilléiert gëtt, gëtt am Eau de Cologne gebraucht.

De Rousemaräin an der Kichen

änneren

An der Mëttelmierkichen, virun allem an der italieenescher, spillt de Rousemaräin eng wichteg Roll.

Literatur

änneren
  • Klees, Henri, 1994. Luxemburger Pflanzennamen. Beiträge zur luxemburgischen Sprach- und Volkskunde Nr. VIII. 3. Aufl., 182 S., Pierre Linden, Luxemburg.

Um Spaweck

änneren
Commons: Rousemaräin – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. Cf. Klees 1994 an der Literatur.