E Giele Ris ass e masseräiche Stär mat Spektralklassen F a G.

Hertzsprung-Russell-Diagramm:
Absziss: Faarwenindex
Ordinat: absolut Hellegkeet
0, Ia, Ib: Iwwerrisen, II: Hell Risen, III: Risen, IV: Ënnerrisen, V: Haaptsequenz (Zwergen), VI: Ënnerzwergen, VII: Wäiss Zwergen

Giel Risestäre stralen hiert Liicht virun allem am visuelle Beräich an erschéngen opgrond vun hirer Uewerflächentemperature gielzeg resp. gielwäiss. Giel Rise si méi kill a méi massenaarm wéi vergläichbar änlech grouss Bloe Risen. Am Géigesaz zu Rout Risen, déi hir Gréisst eréischt am Endstadium vun hirer normaler Stärenentwécklung erreechen, wa si sech ausdehnen, sti Giel Risen am Ufank oder an der Mëtt vun hirem Liewen. Bei villen handelt et sech awer ëm fréier Blo Risen oder schwéier Haaptreiestäre, déi sech mat enger gieler Phas kuerz virun hirem Enn a Rout Rise oder Rout Iwwerrisen ëmwandelen.

Mat 5000–7500 K ass hir Uewerflächentemperatur vergläichbar mat där vun eiser Sonn. Giel Rise sinn ëmmer am mëttleren ieweschte Beräich vum Hertzsprung-Russell-Diagramm.

Giel Rise verbrauchen hire Kärbrennstoff an zéng bis honnert Millioune Joer. Duerno blose si sech zu Rouden Iwwerrisen op an enden an engem Typ II-Supernova.

Beispiller

änneren
Numm Mass Radius Liichtkraaft
Arneb (α Lep A) M 75 R 13.000 L
Canopus (α Car) M 72 R 14.800 L
Capella Aa (α Aur Aa) M 10,8 R 75,8 L
My Velorum A (μ Vel A) M 13 R 90,6 L
Sham (α Sge A) M 20 R 340 L
Wezen (δ CMa) 17 M 200 R 50.000 L

Am Allgemenge si Giel Rise relativ rar.

Kuckt och

änneren

  Portal Astronomie