Rollenger Millen (Péiteng)

D'Rollenger Millen, och Grondmillen genannt, ass eng al Waassermillen um Enn vun der rue du Vieux Moulin zu Rolleng um Fouss vum Tëtelbierg.

D'Rollenger Millen (2011)

Geschicht änneren

D'Mille gouf 1442 fir d'éischt an engem Dokument ernimmt. Deemools huet se dem Friedrich vun Outscheid, dem Här vun Noedelange (an der Belsch) gehéiert. D'Häre vun Noedelange ware bis zur franséischer Revolutioun déi eigentlech Proprietäre vun der Millen. Bis zum drëssegjärege Krich sinn nach de Johann Franz vu Gondersdorf an den Hans Dietrich vu Lontzen als Proprietäre bekannt. Déi eenzel Hären hunn d'Millen net selwer bedriwwen, mä un e Piechter ofgetrueden. D'Mille gouf am Ufank duerch d'Waasser vun der Eechelsbaach ugedriwwen. Well d'Waasser awer net gläichméisseg gelaf ass, gouf e Milleweier ugeluecht, deen zanter 1599 an Dokumenter ernimmt gouf.

1635 gouf d'Millen duerch d'polnesch Arméi zerstéiert. Duerno gouf de Muelsteen vun de Schwëstere vun der Déifferdenger Abtei benotzt fir hir Klouschtermillen, déi och duerch de Krich beschiedegt war, nees a Betrib ze setzen. Tëscht 1635 an 1690 ass d'Millen warscheinlech nëmme méi eng Ruin bliwwen. 1684 huet dunn de Philipp Ernst vu Reiffenberg sengem Brudder Christoph vu Reiffenberg, deen den Eedem vum Hans Dietrich vu Lontzen war, d'Millen ofkaaft. Hien huet se awer 1690 un den Nicolas Aspelt verpacht, deen se op seng eege Käschte sollt an d'Rei setzen. Als eenzeg Hëllef krut en en Eechestamm zur Verfügung gestallt aus deem en en neie Kullang sollt maache fir d'Waasser op d'Millerad ze leeden. De Piechter huet och de Milleweier missen aushiewe fir datt de Philipp Ernst vu Reiffenberg Fësch konnt dran zillen. Hien huet och mat sengem Verméige misse fir d'Anhale vum Kontrakt haften, dofir krut en awer och all Rechter un der Millen.

Um Kadasterplang vu 1770 ass ze gesinn datt se déi Zäit als Uelegmille funktionéiert huet. Eng Follmillen war och nach do, awer a verfalenem Zoustand. D'Wunnecht war direkt ugebaut. Zu där Zäit war se nach ëmmer am Besetz vun der Famill vu Reiffenberg. De Peter Philipp vu Reiffenberg huet d'Millen un de Peter Franck verpacht, deen d'Waasser vum Weier huet däerfe fir d'Undreiwe vum Millerad benotzen. Wärend der franséischer Revolutioun gouf d'Mille beschlagnahmt, wouduerch d'Famill Franck se spéider konnt steeën.

Am Ufank vum 19. Joerhonnert gouf d'Millen zu enger Mielmillen ëmgebaut. Bis 1954 ass d'Millen am Besëtz vun der Famill Franck bliwwen. Den 18. November 1954 huet den deemolege Proprietär Jean Franck d'Millen un d'Gemeng Péiteng verkaaft, hat awer d'Recht behale, bis zum Liewensenn dra wunnen ze bleiwen. Den 8. Mäerz 1956 ass en awer scho gestuerwen an duerno gouf aus der Millen eng Gemengewunneng gemaach.

D'Gemeng Péiteng huet d'Millen 1987 nees versteet. Se gouf vun engem Här Grisse kaaft, deen se sou restauréiert huet datt de 4. Oktober 1991 nees Weess konnt dra gemuele ginn.

Zanter dem 14. Abrëll 1986 steet d'Millen um Inventaire supplémentaire vun der Lëscht vun de klasséierte Monumenter.[1]

Literatur änneren

  • Jean-Claude Schumacher: Monuments historiques de l'industrie luxembourgeoise - Denkmäler Luxemburger Industriekulltur, Service des sites et monuments nationaux, 1997, 143 S., ISBN 2-919883-00-3 (D'Rollenger Millen: S. 36-37)

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).