Michel Hormann
De Michel (Michael) Hormann, 1691 zu Ettelbréck gebuer an den 29. Januar 1775 zu Iechternach gestuerwen, war e kathoulesche Geeschtlechen, Benediktinerpater an den 71. Abt vun der Iechternacher Abtei (1751-1775).[1]
Michel Hormann | |
---|---|
Gebuer |
1691 Ettelbréck |
Gestuerwen |
29. Januar 1775 Iechternach |
Den Abt
ännerenDe Michel Hormann huet zu Tréier Philosophie studéiert. 1711 huet hie seng Profess an der Iechternacher Abtei ofgeluecht. De 17. August 1751 ass hien eestëmmeg zum Abt vun der Abtei gewielt ginn.[1]
D'Relatiounen tëscht der Abtei an der Biergerschaft waren net ëmmer déi bescht, an och ënner dem Abt Hormann koum et zu engem Konflikt, well d'Abtei Wäin a Branntewäi méi bëlleg verkaaft huet, wéi d'Bierger vun der Stad dat maache konnten.[2]
En Dokter an en Apdikter
ännerenGanz am Sënn vu sengem Virgänger, dem Abt Grégoire Schouppe, deen eng Infirmerie an eng Apdikt ageriicht hat, huet den Abt Hormann zwéin Novizen, de Cosmas Becker (1664-1790)[3] an den Damien Lenz[4], ob d'Universitéit vu Louvain geschéckt, fir do Medizin ze studéieren, an dono an der Abtei ze praktizéieren[1], de Brudder Cosmas warscheinlech éischter als Pharmazeut an de Brudder Damien éischter als Medezinner.
Eng Strooss
ännerenD'Stad Iechternach huet dem Hormann eng Strooss dediéiert: "rue Michel Hormann".[5]
Literatur
änneren- Anonym, 1999. Personnagen: Michel Hormann. Lëtzebuerger Journal 1999, Nr. 20 (29. Januar), S. 17.
- Brimmeyr, Johann Peter, 1923. Geschichte der Stadt und der Abtei Echternach. Bd. 2. Als Manuscript herausgegeben von Dr. Rudolph Brimmeyr und Dr. Heinrich Schintgen, Luxemburg, 259 S. (71. Abt: Michael Hormann, 1751–1775: S. 105-107).
- Kugener, Henri, 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Eigenverlag, Luxemburg. Band 1 (A-G): 1-652, Band 2 (H-R): 653-1342, Band 3 (S-Z): 1343-1757, 2-23, [1].
- Sprunck, Alphonse, 1955. Religieux et bourgeois d'Echternach sous l'abbé Michel Hormann (1751-1775). Die Warte 1955-05-25, S. 3. PDF