Roger Schmitz
lëtzebuergesche Politiker
De Roger Schmitz, gebuer den 9. Februar 1930, a gestuerwen den 21. Oktober 1978[1], war e lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
Roger Schmitz | |
---|---|
Gebuer | 9. Februar 1930 |
Gestuerwen | 21. Oktober 1978 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
Hie war vu Beruff Staatsbeamten an der Bëschverwaltung. 1969 gouf hien eng éischt Kéier an de Gemengerot vu Luerenzweiler gewielt. 1971 gouf hie Member vum Schäfferot, an 1976 ass hie Buergermeeschter ginn, nom Doud vu sengem Virgänger Ferdinand Dostert.
Hien ass am Alter vun 48 Joer stënterlech gestuerwen. Fir un hien z'erënneren, gouf zu Boufer eng Cité, d'Cité Roger Schmitz[2], no him genannt.
Referenzen
änneren- ↑ Quell, wou net anescht uginn: "Bürgermeister Roger Schmitz †." In: Luxemburger Wort, 131. Jg., n° 242 (23.10.1978), p. 5. [Digitised by the National Library of Luxembourg].
- ↑ L-7381.