Rochuskapell Rëmerech
Kapell am Norde vun der Uertschaft Rëmmereg an der Gemeng Préizerdaul
D'Rochuskapell zu Rëmerech ass eng Kapell am Norde vun der Uertschaft Rëmerech an der Gemeng Préizerdaul. Si läit direkt niewent dem Bëschkierfecht Hieselgriecht.
| ||||
---|---|---|---|---|
Uertschaft / Plaz | Rëmerech | |||
Par | Atertdall Sainte-Claire | |||
Numm / Patréiner | Hl. Rochus | |||
Baujoer | 1961 | |||
Koordinaten | 49° 48’ 03.5’’ N 05° 57’ 25.3’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
Déi éischt Rochuskapell gouf 1874 gebaut nodeems 1854 vill Rëmerecher duerch d'Cholera-Epidemie gestuerwe sinn. Si gouf dem Sebastianus an dem hellege Rochus geweit, dee sech am 13. Jh. fir déi Peschtkrank agesat huet. 1961 gouf déi haiteg Kapell op der Plaz vun der éischter Kapell opgeriicht. Zanter 1957 ass all Joer op Päischtméindeg eng Wallfaart vun de Bäcker, Patissieren a Mëller heihin, well den Hl. Rochus hire Patréiner ass.[1]
Referenzen
änneren- ↑ Informatiounstafel niewent der Rochaukapell