De Robert ("Roby") Pauly, gebuer den 10. August 1942 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Auteur.

Robert Pauly
Gebuer 10. August 1942
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller

Liewen änneren

No der Primaireschoul zu Gaasperech huet hie seng Première am Jongelycée um Lampertsbierg gemaach.

Berufflech war hien op der Spuerkeess, wou hien zoustänneg fir Publicitéit, Sponsoring a Mäzenat war.

Vun 1964 bis 1994 war hien Organisateur, Regisseur a Schauspiller bei de Schoulspuerfester.

Donieft war hien:

  • vun 1960 bis 1987 Schauspiller, Regisseur a President vun der Theatergrupp "GOYSPILL" zu Gaasperech.
  • vun 1962 bis 2008 Animateur a Sänger beim Cabaret-Ensembel "FLANTËSSEN".
  • vun 1968 bis 1986, Schauspiller an Animateur a verschiddenen Emissioune vum "Hei elei, kuck elei" op RTL Hei Elei.

Bibliographie änneren

Bicher änneren

  • Provence, Patrie de Rêve, Récit, 2003, Éditions St Paul, Luxembourg.
  • Schwaarzt Brout. Weí et nach Grenze gouf, Roman, 2008, Éditions St Paul, Luxembourg

Artikelen änneren

  • Esou wéi e Papp (Erënnerung un de René Weimerskirch) 1985.
  • Den Theatergrupp Goyspill (50e Anniversaire Les Chantres de Ste Thérèse, Gasperich) 1982.

Mataarbecht änneren

  • D'Passioun op Lëtzebuergesch, Camille Minette, 1981 (Pauly Robert, Peffer Téid, Rinnen Henri)

Literatur änneren

  • Luxemburger Autorenlexikon. Publications nationales du Ministère de la Culture. Centre National de Littérature.
  • Bibliothèque Nationale de Luxembourg, Biographie nationale luxembourgeoise.