Robert Angel
lëtzebuergeschen Dokter a Politiker
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Robert Angel, gebuer den 9. Mäerz 1925 an der Stad Lëtzebuerg, an do gestuerwen de 4. Abrëll 2010, war e lëtzebuergesche Politiker (LSAP) a Kardiolog.
Robert Angel | |
---|---|
Gebuer |
9. Mäerz 1925 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
4. Abrëll 2010 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
Partei | LSAP |
Famill | |
Kanner | Marc Angel |
De Robert Angel krut säin Dokteschdiplom de 26. Abrëll 1951. Hien huet sech duerno spezialiséiert a sech am Dezember 1954 als Kardiolog an der Stad Lëtzebuerg etabléiert[1].
Hie war vum 1. Januar 1970 bis de 16. November 1992 Conseiller am Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg. Vum 16. Juli 1984 bis den 12. Juni 1989 a vum 26. Juli 1989 bis de 5. Juni 1994 war hien Deputéierten an der Chamber.
1965 war hie Matgrënner vum Planning familial.
Hie war de Papp vum LSAP-Politiker Marc Angel.
Literatur
änneren- (DS), 2010. Dr. Robert Angel gestorben. Luxemburger Wort, Nr. 81, 7. April 2010, S. 3 (kuckt och: wort.lu [1]).
- Durlet, R., 2010. Dr. Robert Angel am Ostersonntag gestorben. Abgeordneter und Gemeinderatsmitglied. Er war 85 Jahre alt. Tageblatt, Nr. 80, 6. April 2010, S. 26
- Fayot, B., S. Hoffmann, J. Maas & R. Steil, 1997: 100 Joer sozialistesch Deputéiert an der lëtzebuerger Châmber: Dictionnaire biographique des députés socialistes à la Chambre des Députés. Edition La Mémoire Socialiste, Luxembourg, 171 S. (Robert Angel, S. 13-14).
- Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 1/3 (A-G). Luxemburg, Eigenverlag, S. 1-652 (R. Angel, S. 34).
Referenzen
änneren- ↑ Kugener 2005, S. 34.