Riserad
E Riserad ass eng Kiermesattraktioun. Et ass e grousst Rad, dat sech ëm eng horizontal Achs dréint, a wouru Stillercher, Gondelen oder Kabinne festgemaach sinn, an déi d'Leit sech kënne sëtzen.
Op Englesch heescht et Ferris wheel no sengem Erfinder, dem George Washington Gale Ferris, Jr..[1]
Et gëtt och Riserieder, déi permanent installéiert sinn, wourënner:
- dat 64,8 Meter héicht Riserad am Wiener Prater;
- d'London Eye, fréier och Millennium Wheel genannt, mat enger Héicht vun 132 ½ Meter.
- d'Riserad vu Nanchang am Riverside Park. Et ass 160,90 Meter héich, mat engem Duerchmiesser vun 153,90 Meter.
BillerÄnneren
Dat éischt Riserad vun der Welt, op der Weltausstellung zu Chicago, 1893
D'Riserad zu Brisbane
E Riserad an Ontario, 1923
Roue de Paris, 2005 zu Geleen
E Riserad zu Thun
Riserad am Allgäu-Skyline-Park zu Bad Wörishofen, reflektéiert
Op der Paräisser Place de la Concorde um Enn vun de Champs-Élysées
Nanchang, China
Déi gréisst RiseriederÄnneren
Num | Duerchmiesser | Baujoer | Land | Stad | Remarken |
---|---|---|---|---|---|
Beijing Great Wheel | 208 m | 2008 | China | Peking | |
Singapore Flyer | 165 m | 2008 | Singapur | Singapur | |
The Star of Nanchang | 160 m | 2006 | China | Nanchang | |
London Eye | 135 m | 1999 | Groussbritannien | London | |
Changsha Ferris Wheel | 120 m | 2004 | China | Changsha | |
Zhengzhou Ferris Wheel | 120 m | ? | China | Zengzhou | |
Sky Dream Fukuoka | 120 m | ? | Japan | Fukuoka | |
Daiya to Hana Ferris Wheel | 117 m | ? | Japan | Tokio | |
Palette Town Ferris Wheel | 115 m | ? | Japan | Tokio | |
Harbin Ferris Wheel | 110 m | ? | China | Harbin | |
HEP Five | 106 m | ? | Japan | Osaka | |
Tempozan Harbor Village Ferris wheel | 100 m | ? | Japan | Osaka | |
Space Eye | 100 m | ? | Japan | Kita-Kyushu | |
Ferris Wheel of Paris | 100 m | 1900 | Frankräich | Paräis | Gebaut 1900 fir d'Weltausstellung, 1937 nees ofgerappt |
Eurowheel | 90 m | 1999 | Italien | Ravenna | |
The Ferris Wheel | 81 m | 1893 | USA | Chicago | Éischt Riserad iwwerhaapt, 1906 ofgerappt. |
Panoramic Wheel | 75 m | ? | Russland | Moskau | |
Texas Star | 65 m | ? | USA | Dallas/Fair Park | |
Wiener Riserad | 64,8 m | 1897 | Éisträich | Wien | |
Steiger-60-metres Ferris Wheel | 60 m | 1980 | Däitschland | verschidde Plazen | gëtt vu Kiermes op Kiermes gefouert |
Roue de Paris | 60 m | 2002-2002 | Frankräich | Paräis | duerno ofmontéiert an op verschiddene Plazen erëm opgeriicht |
Hablützel Ferris Wheel | 60 m | 2003 | Schwäiz | verschidde Plazen | gëtt vu Kiermes op Kiermes gefouert |
Eye on Malaysia | 60 m | ? | Maleisien | Kuala Lumpur | |
Wheel of Birmingham | 60 m | ? | Groussbritannien | Birmingham | gouf ofmontéiert an an Australien verkaf |
ReferenzenÄnneren
Um SpaweckÄnneren
Commons: Riserieder – Biller, Videoen oder Audiodateien |