Revolverheld
Revolverheld | |
---|---|
Grënnung: | 2002 |
Grënnungsplaz: | Hamburg, Däitschland |
Genre: | Pop-Rock |
Website: | www.revolverheld.net |
Memberen | |
Gesank: | Johannes Strate |
Gittar, Gesank: | Kristoffer Hünecke |
Gittar, Gesank: | Niels Grötsch |
Batterie: | Jakob Sinn |
Bass-Gittar: | Florian Speer (2002–2012) |
Revolverheld ass eng däitsch Rockband. Se gouf am Summer 2002 zu Hamburg ënner dem Numm Manga gegrënnt. Am Hierscht 2004 huet se sech an Tsunamikillers ëmbenannt. Kuerz nom Tsunami um Enn vum Joer 2004 a Südostasien huet se sech dunn den aktuellen Numm ginn.
Bandgeschicht
ännerenDe Revolverhelden hir Carrière huet als Support-Act vun den Donots, Silbermond an dem Udo Lindenberg ugefaangen. Se waren och d'Virgrupp vun Die Happy. Duerch den Titel Rock'n'Roll goufen déi éischt Radiosender op se opmierksam. 2004 si se an d'Popakademie vu Baden-Württemberg opgeholl ginn, wou se och e Coachingprogramm kruten. Am selwechte Joer huet d'Zesummenaarbecht mat hirem spéidere Manager, dem Sascha Stadler ugefaangen. Am Februar 2005 hu se e Plackecontract bei Sony BMG Music Entertainment ënnerschriwwen.
Hir éischt Single, Generation Rock, ass am Juni 2005 erauskomm an ass och direkt an den däitschen Charts gelant. Zesumme mam Produzent Clemens Matznick ass den Debutalbum Revolverheld entstanen, deen am September 2005 erauskoum. Déi zweet Single-Auskopplung, d'Rockballad Die Welt steht still, huet et an der éischter Woch direkt op Plaz 16 vun den däitschen Charts gepackt.
Den 3. Februar ass déi drëtt Auskopplung erauskomm. Mat Freunde bleiben hu se beim Bundesvision Song Contest déi zweet Plaz beluecht. Revolverheld huet de 7. Dezember 2006, no engem Internetvoting, de Musekspräis Eins Live Krone als "Bester Newcomer 2006" mat 41,1 % vun de Stëmme gewonnen.
De 25. Mee 2007 ass den Album Chaostheorie erauskomm. Déi éischt Singleauskopplung Ich werd die Welt verändern gouf de 27. Abrëll verëffentlecht.
Revolverheld zu Lëtzebuerg
änneren- Esch-Uelzecht um Terres Rouges Festival, den 3. September 2006
- Dikrech an der Aler Seeërei, de 4. August 2007
Discographie
ännerenStudiosalbumen
ännerenJoer | Titel | Classement | ||
---|---|---|---|---|
DE | AT | CH | ||
2005 | Revolverheld | 7 (42 Wo.) |
27 (19 Wo.) |
— |
2007 | Chaostheorie | 3 (15 Wo.) |
17 (4 Wo.) |
— |
2010 | In Farbe | 6 (34 Wo.) |
24 (3 Wo.) |
— |
2013 | Immer in Bewegung | 9 (98 Wo.) |
3 (43 Wo.) |
82 (5 Wo.) |
Singelen
ännerenJoer | Titel Album |
Classement | ||
---|---|---|---|---|
DE | AT | CH | ||
2005 | Generation Rock Revolverheld |
58 (9 Wo.) |
— | — |
Die Welt steht still Revolverheld |
16 (11 Wo.) |
44 (10 Wo.) |
— | |
2006 | Freunde bleiben Revolverheld |
14 (14 Wo.) |
13 (15 Wo.) |
51 (4 Wo.) |
Mit dir chill'n Revolverheld |
17 (13 Wo.) |
27 (11 Wo.) |
— | |
2007 | Ich werd die Welt verändern Chaostheorie |
21 (9 Wo.) |
68 (2 Wo.) |
— |
Du explodierst Chaostheorie |
70 (1 Wo.) |
— | — | |
Unzertrennlich Chaostheorie |
45 (9 Wo.) |
— | — | |
2008 | Helden 2008 Chaostheorie |
2 (11 Wo.) |
57 (1 Wo.) |
— |
2010 | Spinner In Farbe |
13 (19 Wo.) |
69 (2 Wo.) |
— |
Keine Liebeslieder In Farbe |
74 (2 Wo.) |
— | — | |
Halt dich an mir fest In Farbe |
8 (49 Wo.) |
21 (31 Wo.) |
40 (4 Wo.) | |
2013 | Das kann uns keiner nehmen Immer in Bewegung |
10 (19 Wo.) |
51 (4 Wo.) |
— |
2014 | Ich lass für dich das Licht an Immer in Bewegung |
7 (53 Wo.) |
3 (37 Wo.) |
48 (1 Wo.) |
Lass uns gehen Immer in Bewegung |
4 (35 Wo.) |
39 (7 Wo.) |
— | |
2015 | Deine Nähe tut mir weh Immer in Bewegung |
88 (1 Wo.) |
— | — |
2024 | Alors on danse | — | — | — |
Gielercher
änneren- 2003:
- OXMOX-Bandcontest – Drëtten
- 2006:
- Bravo Otto – Bronz fir Band Rock
- 1Live Krone – Beschten Newcomer
- 2007:
- Live Entertainment Award – FKP Scorpio/Extratours/Revolverheld Bescht Club-Tournee
- 2011:
- Radio Regenbogen Award – Duett (Halt dich an mir fest)
- Comet – Beschte Liveact
- 2014:
- Bundesvision Song Contest 2014 – Gewënner mat Lass uns gehen
- MTV Europe Music Awards 2014 – Best German Act
- 2015:
- ECHO Pop - Bescht national Grupp Rock/Pop