Reuven Ramaty High Energy Solar Spectroscopic Imager

Den Reuven Ramaty High Energy Solar Spectroscopic Imager (RHESSI) (oder Explorer 81) ass e Weltraumteleskop vun der NASA mat Bedeelegung vun amerikaneschen a schwäizereschen Instituter an déngt zu der Sonnenobservatioun am Röntgen- a Gammaberäich. An där energieräicher elektromagnéitescher Stralung gi Sonnekorona a Sonneneruptiounen observéiert an déi physikalesch Mechanisme vun der Deelechervitesse an deenen Evenementer (d'Rekonnexioun) ënnersicht.

RHESSI oder Explorer 81
De Weltraumteleskop RHESSI
Typ Weltraumteleskop
Land  USA
Agentur NASA
COSPAR-Bezeechnung 2002-004A
Apogeum 607 km
Perigeum 579 km
Bunnschréi 38,0°
Bunn-Ëmlafzäit 96,5 min
Start 5. Februar 2002, 20:58 UTC
Startplaz Mayport Drop Zon
Status aktiv

Zweck änneren

RHESSI observéiert d'Sonn am Röntgen- a Gammaberäich bei Energie vun 3 keV bis 17 MeV. Duerch e System vu Gitterkollimatoren a Verbindung mat der Rotatioun vum drallstabiliséierte Satellit kann d'Sonn mat enger Opléisung vu jee no Energieberäich 2 bis 36 Bousekonnen ënnersicht ginn. Déi benotzt a gekillten Hallefleederdetekteren hunn eng Energieopléisung tëscht 1 keV bei niddregen a 5 keV bei héijen Energien. Dës Kombinatioun vun héije raimlecher a spektraler Opléisung ass an dësem Energieberäich bei RHESSI fir d'éischt verwierklecht. Nieft der Sonneobservatioun ënnersicht d'RHESSI och Gammastralungspulsen, déi a Wiederregiounen op der Äerd gemaach ginn.

Missiounsverlaf änneren

De Start war de 5. Februar 2002 mat enger fligergestëtzter Pegasus-Rakéit. Den Drofliger vum Typ L-1011 war um 19:29 UTC vun der Cape Canaveral Air Force Station gestart. Den Ofworf war um 20:58 an der Mayport Drop Zon virun der Küst vu Florida bei 29° Nord, 78,5° West7.

Dee virdrun als High Energy Solar Spectroscopic Imager (HESSI) bekannte Satellit gouf den 29. Mäerz 2002 zu Éiere vum Astrophysiker Reuven Ramaty ëmbenannt. Déi am Ufank geplangt Liewensdauer war zwee Joer, d'Missioun gouf awer verlängert an dauert nach un.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: RHESSI – Biller, Videoen oder Audiodateien