Renauld Oscar d'Adelswärd

franséische Politiker

De Barong Renauld Oscar d'Adelswärd, gebuer (als Renauld Oscar Adelswärd)[1],[2] den 18. Dezember 1811 zu Lonkech a gestuerwen den 18. Februar 1898 zu Saint Helier op Jersey, war e franséischen Offizéier, Politiker, Schmelzhär an Auteur.

Renauld Oscar d'Adelswärd
Gebuer 18. Dezember 1811
Lonkech
Gestuerwen 18. Februar 1898
Saint-Hélier
Nationalitéit Frankräich, Schweden
Aktivitéit Politiker, Schmelzhär

Den Offizéier[3] änneren

No sengem Secondaire um Collège Louis-le-Grand gouf hien op der Militärschoul vu Saint-Cyr ugeholl wou en 1836 als Officier d'État-major ofgeschloss huet. 1837 gouf hien op Compiègne detachéiert an duerno koum hien 1838 bei d'Kavalerie op Lunéville.

1841 war hien als Capitaine Fligeladjutant vum Generol Baraguey d'Hilliers mat am Asaz an Algérien, wou e schwéier blesséiert gouf. Duerch eng ministeriell Decisioun vum 31. Mäerz 1842 krut hien eng Mise en disponibilté accordéiert. Vun 1843 bis 1844 wéi en d'Arméi velooss huet war en zu Lyon Fligeladjutant vum Kommandant vun der 1. Infantriebrigade.

Wéi e bei der Arméi fort war huet en Zäit laang zu Nanzeg gewunnt, wou en am Gemengerot war a sech ëm d'Sekretariat vum Aarmebüro bekëmmert huet.

De Politiker änneren

Vum 23. Abrëll 1848 bis de 26. Mee 1849 war hien Deputéierten an der Assemblée constituante fir d'Meurthe wou en d'Droite representéiert huet.[4] Bei de Legislativwale den 13. Mee 1849 gouf hien erëmgewielt a blouf an der Chamber bis den 2. Dezember 1851. Beim Staatsstreech vun deem Dag gouf hie mat 220 anere Protestdeputéiert festgeholl an e puer Deeg am Mazasprisong agespaart. Duerno huet en emol virleefeg d'Politik un den Nol gehaangen.

Bei de Wale vun 1863 war hien nach eng Kéier op der Lëscht, déi Kéier awer bei der Oppositioun. Do huet hie géint den Henri Buquet mat 9.024 géint 19.606 Stëmme verluer.

De Schmelzhär änneren

1861 huet hien d'Schmelz vun Herserange opkaf, an 1865 op der Plaz wou d'Wunnhaus stoung, eng stattlech Residenz baue gelooss.[4]

1863 huet en op Terrainen déi senger Mamm gehéiert hunn[5] ugefaangen Eisenäerz z'exploitéieren an huet d'Usine du Prieuré zu Mont-Saint-Martin mat zwéin Héichiewen opriichte gelooss[6]; 1870 koum en drëtten, méi groussen, dobäi.[7]

1880 huet en d'Usine du Prieuré mat der Usine Port-Sec zu Mont-Saint-Martin fusionéiert zu der Société des aciéries de Longwy.

Famill änneren

De Renauld d'Adelswärt war de Bouf vum George Axel Adelswärt (1781-1842), e schweedeschen Offizéier a Barong deen 1807 als Krichsgefaangenen op Lonkech koum, an der Anne Catherine Honorine Bernard (1790-1874).

1843 wärend sengem Detachement als Offizéier zu Lyon huet hien d'Amélie Steiner (1825-1881) bestuet. D'Koppel krut zwéi Bouwen, de Gustave (1843-1895) an den Axel (1845-1887).

Hie war de Grousspapp vum Schrëftsteller Jacques d'Adelswärd-Fersen.

Gielercher änneren

Wierker änneren

  • La Liberté de conscience en Suède. (1861)
  • Considérations sur la réformation et les lois de 1860 en Suède (1862)

Referenzen änneren

  1. Gebuertsschäin
  2. Den Titel Barong krut en 1873 wéi e vum Napoleon III. d'Recht krut säi schweedeschen Titel a Frankräich ze droen Copie vum Brevet
  3. Déi meescht Informatioune stamen souwäit net anescht vermierkt vun der Websäit vun der Assemblée nationale
  4. 4,0 4,1 "Usine de Herserange" op industrie.lu; gekuckt: 21013-06-28.
  5. Plang vun de Konzessiounen déi senger Mamm gehéiert hunn
  6. Une aristocratie industrielle: les maître de forges en Lorraine
  7. "Usine du Prieuré" op industrie.lu; gekuckt 2013-06-28.
  8. Dekreet vum 31. Dezember 1872; Numéro d'ordre des matricules:12.811
  9. Hie war schonn am August 1841 Chevalier genannt ginn