Musée vun der Karikatur a vum Cartoon zu Veianen

De Musée vun der Karikatur a vum Cartoon ass e Musée, dee sech ganz der humoristescher Zeechekonscht verschreift. Hien heescht op Franséisch Musée de la caricature et du cartoon de Vianden an op Englesch Museum of Caricature & Cartoon Vianden.

De Musée vun der Karikatur a vum Cartoon zu Veianen (August 2008).
De Victor Hugo 1849, Karikatur vum Honoré Daumier

De Musée änneren

Op 300 m2 iwwer 3 Stäck gi permanent a temporär Ausstellunge vu Karikaturen, Comics a Cartoons gewisen. Zil ass et, fir déi international an national Geschicht vun der Karikatur duerzestellen a fir déi grouss Meeschtere vun der zäitgenëssescher Karikatur virzestellen. E riicht sech souwuel un de Grand-public wéi och u Spezialisten. Geféiert Visitten an Atelieren ginn fir Schüler a Studenten ofgehalen.

De Musée huet am Juli 2008 seng Dieren op Nummer 48 vun der Groussgaass zu Veianen fir de Public opgemaach, am Haus[1] vum fréiere Buergermeeschter vu Veianen, dem Abense Vic. D'Initiativ fir dëse Musée geet vum rumänesche Karikaturist Florin Balaban aus, deen d'Haus kaaft an ageriicht huet.

Éier de Musée seng Dieren opgemaach huet gouf e schonn ausgezeechent: hie krut de 17. Juli 2008 eng Mentioun beim DEXIA/ONT-Präis vun der Innovatioun am Tourismus[2].

Ausstellungen änneren

  • 2008, Juli: Erëffnungsausstellung vum lëtzebuergesche Karikaturist Pol Leurs.
  • 2008, Juli-August: Ausstellung vum rumänesche Karikaturist Florian Doru Crihana.
  • 2008, September: Ausstellung vum finnesche Karikaturist Adam Korpac.
  • 2008, August-November: Selektioun vum 1. internationale Veianer Karikatureconcours[3] zum Theema D'Liewen op der Buerg am Mëttelalter (Fr.: La vie au château au Moyen-âge). Dës Ausstellung leeft am Kader vum 700. Gebuertsdag vun der Stad Veianen. Aus 543 Wierker, déi vun 295 Kënschtler aus 51 Länner agereecht goufen, gëtt eng Auswiel vun 120 Wierker vun 85 Kënschtler aus 32 Länner ausgestallt.
  • 2008, August-Dezember: Ausstellung zum 200. Gebuertsdag vum franséische Karikaturist Honoré Daumier (1808-1879).

Adress an Ëffnungszäiten änneren

Musée de la caricature et du cartoon de Vianden
48, Grand-rue
L-9410 Vianden
Ëffnungszäiten:

  • 16. August - Mëtt September 2008: dënschdes bis sonndes vun 10:00 bis 18:00 Auer.
  • Mëtt September - Enn Abrëll 2009: Weekends an op Ufro.

Referenzen änneren

  1. D'Haus vum Abense Vic staamt aus der selwechter Zäit wéi d'Trinitarierkierch, dem 13. Joerhonnert.
  2. Prix DEXIA/ONT de l'innovation en tourisme, cf. https://web.archive.org/web/20080616135323/http://www.tourismeinnovation.lu/
  3. 1er Concours international de caricature et de dessin humoristique de Vianden

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren