Ranville ass eng franséisch Gemeng am Departement Calvados an der Regioun Normandie.

Ranville
{{{Bildtext héich}}}

{{{Bildtext héich}}}
Land Frankräich
Regioun Normandie
Departement Calvados
Arrondissement Lisieux
Kanton Cabourg
Postcode 14860
Gemengecode 14530
Koordinaten 49° 13’ 55’’ N
      00° 15’ 23’’ W
Fläch  842 ha
Bevëlkerung  1 612 (2011)

Geographie änneren

Ranville läit ronn 6 km nërdlech vu Caen op enger Héicht vun tëscht 8 an 42 Meter um Uwänner vun der Orne an hirem Niewefloss dem Aiguillon.

Verkéier änneren

D'Uertschaft ass un d'Stroossennetz ugeschloss iwwer d'Departementsstroossen D37 an D233A. Laanscht Uertschaft féieren d'D223 an d'D514. D'D514 verbënnt Ranville mat der Nopeschuertschaft Bénouville iwwer d'Horsa-Bréck op der Orne an d'Pegasus-Bréck um Kanal vu Caen.

Bis an d'1930er Jore war zu Ranville eng Halt vum Tram vun de Chemins de fer du Calvados op der Streck Caen-Dives.

Geschicht änneren

Bei der Operation Overlord war Ranville dat éischt franséischt Duerf, dat de 6. Juni 1944 vum britteschen 13th Parachute Battalion ënner dem Lieutenant-Colonel Peter Luard befreit gouf.

Kuckt och änneren